Visiting Center "Go Tram"De 7. Juli ass de Visiting Center fir den Tram opgaangen.

En Dënschdeg, de 7. Juli ass de „Visiting Center“ iwwert de zukënftegen Tram opgaang.

Digital Tram-Expo (07.07.2015)
Op der Place de l'Europe ass zënter haut en Info-Zenter op deen iwwert den Tram an seng Schantercher informéiert.
"GoTram“ heescht en an soll de Visiteuren erklären, wéi den Tram an der Stad Lëtzebuerg zustane kënnt a wéi een an Zukunft Bild vun der Stad verännert. De Minister vum Développement durable et Infrasturctures François Bausch an d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer invitéieren op de Site vum „GoTram“, deen fir dräi Joer lo do wäert stoen.

Go Tram / Reportage Eric Zeniti



Nieft der Philharmonie op der Place de l'Europe steet déi blo Këscht, eng Informatiounsbox, déi mat Touchscreenen Informatioune liwwert. Déi Infobox, sou de François Bausch, soll mat de Chantiere mat wanderen. Fir déi nächst dräi Joer steet se elo awer emol bei der Philharmonie.

Dëse System, fir d'Leit ze informéieren, soll sech an de Plang vun der Regierung vum "Digital Luxembourg" areien. Doduerch kann een d'Informatiounen awer permanent adaptéieren, esou wéi ee se grad brauch.

Nieft Stau a Kaméidi bedeit e Chantier awer och Developpement, sou d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer. An e puer Joer ka sech d'Stad dann neien Erausfuerderunge stellen. Eng Stad mat Chantieren bedeit Ëmstellung an Dreck. Eng Stad ouni Chantier huet awer vill méi Problemer. Problemer op de Chantieren oder am Trafic ginn awer net Thematiséiert, mä et ass en Informatiounsstand, deen de Leit de Projet Tram méi no brénge soll.