Am Zeeche vun der GesondheetSamu Néo-natal, Zitha-Klinik, Maison médical a Suizid-Plang

De Regierungsrot e Freideg stoung ganz am Zeeche vu Gesondheetsthemen. Kloer Wierder gouf et vum Premier a Saachen "Zitha-Klinik" ...

Briefing: Gesondheets-Themen am Mëttelpunkt (24.07.2015)
D'Regierung huet sech fir eng éischte Kéier mat der Tatouage- a Piercing Problematik beschäftegt.
D'Pediatrie war eent vun de grousse Stéchwierder e Freideg de Mëtteg um Briefing nom Regierungsrot. An deem Kontext war et dann och nach d'Annonce vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch, dass den "Samu Néo-natal" opgestockt ginn ass, mat 3 neien Neonatologen.

Briefing nom Regierungsrot: Lynn Gaspar



An domatter ginn d'Gesamtkäschten ëm 720.000 Euro an d'Luucht. An déi Plus-Value ass net vu Muttwëll, esou d'Lydia Mutsch: ... fir net nëmmen am Zentrum, ma och am Süden an am Norden eng professionell a securiséiert Prise en charge vun den Nouveaux-nés ze kréien.

E weidere Punkt aus dem Beräich Hospitalisatioun: Um Briefing goufen nämlech och déi aktuell Onstëmmegkeeten am Groupe des Hôpitaux Robert-Schuman, méi genee an der Zitha-Klinik, ugeschwat:

"Ech ka mir net virstellen, datt d'Chamber e Projet votéiert, deen e puer Méint dono rëm géing ëmgeännert ginn", esou d'Lydia Mutsch. Et wieren och schonn iwwer 15 Milliounen an d'Zitha-Klinik investéiert ginn an et wieren nach 55 weider Millioune virgesinn. Eng Fusioun wier e ganz komplexe Prozess an do misst ee ganz vill matenee schwätzen, well ëmmer Ängschten do sinn an en Cours de Route nei Iwwerleeungen derbäi kommen, ma et misst ee sech awer och un Ofmaachungen halen - an déi wieren an dësem Fall ganz kloer gewiescht.

Dem Premier Xavier Bettel seng Äntwert war an deem Kontext méi radikal: D'Regierung géif net acceptéieren, datt Saachen eesäiteg geännert ginn. D'Klima an der Zitha wier den Ament, esou géif et schéngen, net dat bescht a wann d'Regierung géif gebraucht ginn, fir Mediateur ze spillen, da géif hien d'Gesondheetsministesch froen, d'Leit ze gesinn - ma et géif een net acceptéieren, datt iwwer Ëmweeër aus engem moderne Spidol eng Geriatrie géif ginn. Soss misst een anere Mesuren ergräifen.

Vun e Freideg den Owend u fonctionnéiert iwwregens direkt bei der Kannerklinik an der Stad och eng zentraliséiert Maison médicale pédiatrique.

Lydia Mutsch: Maison médicale



An deem Kontext huet d'Ministesch dann och matgedeelt, dass de Fonctionnement vun all de Maternitéen hei am Land weider garantéiert ass. Da gouf et nach Informatioun iwwert eng pediatresch Prise en Charge am Norde vum Land, do krut den CHdN en Aval.

Lydia Mutsch: CHdN (Ettelbréck)



Gläichzäiteg gëtt dann och nach op ee Gesamtkonzept vum CHEM gewaart, fir eng "Structure pédiatrique ambulatoire" op ze stellen.

En anere Sujet war den nationale Plan Prévention Suicide. Vum Premier huet et geheescht, esou e Plang wier batter néideg, well een hei am Land ee vun den héchste Suizid-Tauxe vu ganz Europa huet. Dat Thema dierft keen Tabu-Thema méi sinn.

Xavier Bettel: Keen Tabu-Thema



Dass et effektiv en akute Besoin gëtt fir esou ee Plang, weisen d'Zuelen, déi d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch virgestallt huet: Iwwer 1000 Suiziden tëscht 2000 an 2013 an net manner wéi 80 Selbstmorden am Joer 2014.

Eng ganz Pressekonferenz iwwert den "Plan Prévention Suicide" ass nach geplangt. E Mëttwoch informéiert d'Gesondheetsministesch nach emol am Detail doriwwer.