Déi Bartrenger Pompjeeën hunn d'Feier direkt ausgemaach, ma de Schued ass awer grouss.
Wéi d'Stater Beruffspompjeeën op der Plaz waren, hunn déi den Damp aus dem Gebai evakuéiert an hu kontrolléiert, ob keng Leit sech méi dran ophale géifen.
Géint 13.15 Auer koum dunn d'Entwarnung: keng Blesséiert.
Sur place och eng Ambulanz vun de Beruffspompjeeën a vu Mamer.