Pafendall-UewerstadDéi éischt Stecker vun der Passerelle goufe montéiert

An der zweeter Etapp vum Chantier vun der Passerell steet um Programm: Den Tuerm vum Lift soll mam Parc Pescatore verbonne ginn.

Passerell vum Pafendaller-Lift gouf montéiert (15.08.2015)
Wichteg Etapp bei den Aarbechten um Lift deen de Pafendall mat der Stad verbënnt. D'Passerell gouf matt Kranen a Positioun bruecht.

Et deet sech eppes um Schantje vun der Passerelle, déi de Pafendall mat der Uewerstad verbanne wärt. Déi zweet grouss Etapp steet un. Den Tuerm vum Lift soll mam Parc Pescatore verbonne ginn. Déi zwou grouss Passerelle vun allkéiers 30 meter sinn Virgëscht zu Lëtzebuerg ukomm. Dräi Deeg laang huet den Transport gedauert.

Passerelle / Reportage Catherine Anen


Et leeft déi zweet Phase vum Projet. Déi zwou grouss Stolpasserelle ginn an zwou Etappe lues a lues montéiert, erkläert de Responsabele vum Projet Marc van Overbeke. E Samschdeg gëtt e Stéck vu 34 Meter a 46 Tonnen am Parc Pescatore opgestallt. En zweeten, vu knapp 40 Meter a 55 Tonnen kënnt an de Côte d'Eich.

An deenen nächste Woche gëtt da weider un de Passerelle geschafft. Mëtt September ginn si op hier definitiv Plaatz placéiert, do virdrun gëtt awer nach dru geschafft a se e.a. och nach ugestrach.

Déi ganz Konstruktioun ass herno 72 Meter laang, 3 Meter breed an 3 Meter héich, a weit ronn 185 Tonnen. De Projet gouf vum Architekturbureau Steinmetz ausgeschafft, déi de Projet och nach mat verfollegen an och op déi kleng Detailer oppassen.

D'Organisatioune fir dëse Projet lafe schonn zanter 5 Joer. Fir dass alles gutt Verleeft, brauch een Zäit a Kontakter. Fir den Transport zum Beispill gouf et eng gutt Zesummenaarbecht mat der Ville de Luxembourg, seet de Marc van Overbeke, fir all déi wichteg Permise fir dësen exzeptionelle Convoi ze kréien.

De Lift an de Passage sollen, wann alles gutt virugeet, am Fréijoer nächst Joer fir de Public op goen. Geplangt war dëst awer ganz anescht. De Chantier hätt scho sollten 2009 ufänken, mä duerch d'Faillite vun der Firma ass dëst 3 Joer no hanne verluecht ginn.

Och de Präis konnt net gehalen ginn. Vun den initialen Käschten an Héicht vun 7,6 Milliounen ass een elo ewell op eng 10,5 Millioue koum. Elo soll awer alles no Plang lafen an de Lift am Fréijoer d'nächst Joer kënnen ageweit ginn. Am neie Lift ass dann Plaz fir 10 Foussgänger an 5 Cyclisten mat hire Vëloen.




De Communiqué:

C’est avec un grand plaisir que nous annonçons la fin de la construction de la tour de l’ascenseur qui reliera le Pfaffenthal avec la Ville Haute dès printemps 2016.

La prochaine grande étape s’annonce par la livraison de la passerelle. Le convoi exceptionnel ayant transporté les 2 pièces (chacune d’une longueur de 30 mètres) de la passerelle est bien arrivé sur place, ceci après un trajet de 3 jours.

Les travaux du montage de la passerelle, débuteront ce samedi 15 août.  

L’assemblage se fera en 2 étapes.

1ère étape : ce samedi 15 août, à partir de 07h00  les 2 pièces seront déchargées par des grues spéciales et posées dans le Parc Pescatore.

Sur place elles seront mis ensemble et préparées sur un genre de plateforme qui permettra de les « glisser » au-dessus de la côte d’Eich.

La passerelle sera alors à moitié au Parc Pescatore et à moitié au-dessus de la côte d’Eich, tenue par un/des pilier(s).

2ième étape : prévue pour le 19 septembre – rapprochement de la passerelle vers la tour et mise en place définitive sur la tour en béton. La passerelle sera glissée de quelques cm par minute pour franchir les 30 mètres de distance qui restent.

 

Quelques détails concernant cette construction :

Réalisation « tous corps d’état » d'un ascenseur panoramique d'une hauteur de 80 mètres avec une passerelle métallique d'une longueur de 70 mètres reliant le Pfaffenthal à la Ville Haute à Luxembourg (Parc Pescatore).

  • hauteur ascenseur panoramique : 75 mètres
  • longueur passerelle métallique : 60 mètres
  • poids passerelle métallique : 185 to
  • micro pieux : 1.200 ml
  • coffrage béton vu qualité supérieure : 2.350 m2
  • terrassements dans la roche : 5.850 m3
  • entreprise générale TCE : CDCL S.A.
  • maître d’ouvrage : Ville de Luxembourg
  • architecte : Steinmetz de Meyer Architectes Urbanistes
  • bureau d’études structure : INCA Ingénieurs Conseils Associés