Chantier bis Summer 2017Vun Oktober u gëtt d'Rout Bréck 2 Meter méi breet gemaach

Et handelt sech ëm gréisser Aarbechten, déi 2 Joer dauere sollen. D'Bréck soll ënnert anerem méi breet gemaach ginn.

Rout Bréck: Gréisser Aarbechten lafe näxte Mount un! (17.09.2015)
Rout Bréck kritt geschwënn ee neit Kleed a gëtt komplett sanéiert.

D'Nordstrooss geet d'nächst Woch op, a schonn steet e weideren gréisseren Bauprojet an d'Haus: dës Kéier hei an der Stad, wou vum nächste Mount u wäert un der Rout Bréck geschafft ginn.

De Chantier ass a 4 Etappen an dauert bis Summer 2017.

Et sinn Aarbechten vun enger gréisserer Envergure: d'Bréck u sech gëtt ëm 2 Meter méi breed gemeet, sou datt et zwou Spuren op all Säit ginn, fir d'douce Mobilitéit ze promouvéieren.

Eng duebel Spur ass och fir den Tram reservéiert; 2 Trottoiren si fir Cyclisten a Foussgänger do.

Da gëtt d'Beliichtung op der Rouder Bréck nei gemeet an d'Bréck kritt e neien rouden Ustrach.

De globalen Käschtepunkt sinn eng 40 Milliounen Euro.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.