TraficDe Contournement vu Jonglënster ass op!

Virun dem leschte Stéck vun der Nordstrooss e Mëttwoch déi aner Woch, ass e Freideg schonn um 12 Auer de Contournement vu Jonglënster opgaangen.

Och Lënster selwer ass zanterhier net méi gespaart - et kann een also vun elo un nees queesch duerch d'Duerf fueren oder eben um Contournement den Duerfkär ëmgoen.

Duerch d'Ëmgehungsstrooss vu knapp 4 Kilometer soll d'Haaptstrooss zu Lënster jo entlaascht ginn. Do si bis elo all Dag eng 20.000 Leit gefuer.



D'Aarbechten um Contournement haten am November 2009 ugefaangen.

De Contournement huet 3 Spuren, eng blo Bréck vu 444 Meter an en Tunnel, deen eng 150 Meter laang ass.



Contournement Jonglenster/Reportage Pierre Jans