FotoréckbléckSecuriDays zu Beetebuerg: Feier, Damp a Kollisiounen

De Leit d'Aarbecht vun de Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg méi no bréngen, dat war d'Zil vun deem Weekend.

De Weekend vum 19. an 20. September stoungen zu Beetebuerg fir eng zweete Kéier d'SecuriDays op dem Programm. Mat de SecuriDays organiséiert den Zenter Beetebuerg keng regulär Porte Ouverte, mä e Weekend, dee ganz am Zeeche vun de Rettungsdéngschter, der Präventioun an der Éischter Hëllef steet.

Iwwert déi 2 Deeg konnte sech d'Leit déi verschiddenste Gefierer aus dem In- an Ausland ukucken, sech bei Infostänn renseignéieren an un de villen Atelieren, déi gratis waren, deelhuelen. Sou hat de Public d'Méiglechkeet, selwer mat schwéierem hydraulesche Geschir en Daach vun engem Auto ze trennen oder am Atelier "Mënschesich" a voller Pompjeeës-Montur an engem Raum, dee ganz ënner Damp war, eng Vermësste Persoun sichen.

Fir de Leit d'Rettungswiese nach méi no ze bréngen, stoungen eng Rei Virféierungen um Programm: Nieft Übunge vun de Beetebuerger Jungendpompjeeë gouf och eng Fettexplosioun gewisen (fir ze weisen, wisou een e Fettbrand op kee Fall mat Waasser läschen dierf), en Haus am Vollbrand an och en Autosbrand goufe geläscht.

Den Highlight war sécher déi Live-Simulatioun vun enger Kollisioun tëscht engem Auto an enger Mauer resp. tëscht zwee Autoen. Hei goufen dës Gefierer mat ronn 50 km/h anenee renne gelooss, fir de Leit d'Kraaft, déi hannert engem Accident stécht, ze verdäitlechen. Uschléissend goufen dunn an de Gefierer Victimë vun de Rettungsdéngschter aus Beetebuerg zesumme mat Fräiwëllege befreit.

Vill Leit hate sech et net huele gelooss, de Weekend zu Beetebuerg e Bléck an d'Liewen an d'Aufgabe vun de Rettungsdéngschter ze geheien, sou dass och déi 2. Editioun e groussen Erfolleg war.