Virwërf iwwer Zoustänn "Leschte Steiwer" Rout Kräiz äntwert op Kritik vum PID iwwer Zeltcamp

Um Donneschdeg hat de PID-President Jean Colombera an deem Kontext op senger Facebook-Säit eng Rëtsch Problemer genannt.

Um Donneschdeg huet de PID-President Jean Colombera op senger Facebook-Säit eng Rëtsch Problemer genannt, déi en improviséierten Zelt-Camp vu Leit ouni fest Doheem um „Leschte Steiwer“ betreffen. An deem Bäitrag mëscht hien virun allem d'Stad Lëtzebuerg an d'Croix-Rouge fir d'Situatioun an deem Camp responsabel. Op Nofro huet d'Croix-Rouge déi Virwërf awer zeréckgewisen.

Zeltstad Bouneweg/Reportage Ben Eich



Um éischte Punkt seet de Jean Colombera, dass d'Gemeng an d'Croix-Rouge e Container fir den Dreck um Camp ze entsuergen fir den 26. resp. 27. September versprach hätten, ma dass deen nach ëmmer net opgeriicht wier. De Marc Crochet, Generaldirekter adjoint vun der Croix-Rouge huet dëst awer anescht duergestallt. Et wier een sech eenz gi fir de Leit Tuten ze ginn an déi se hiren Dreck kenne maachen an déi géifen och regelméisseg ewechgeholl ginn.

E weidere Kritikpunkt vum Jean Colombera war dann, dass de Grupp Stroum a Waasser vun der Croix-Rouge versprach kritt hätt. Ma och do seet de Marc Crochet, dass d'Croix-Rouge net einfach op engem Terrain, deen net hiren ass, kéint Stroum a Waasser installéieren.

Dat selwecht gëllt iwwregens fir Roulotten an Holzbuden. De Jean Colombera huet hei geschriwwen, d'Croix-Rouge hätt net erlaabt fir sou Strukturen opzestellen, ma de Marc Crochet huet nach emol kloer gestallt, dass d'Croix-Rouge guer keng Kompetenz huet fir dat ze erlaben. Dem Marc Crochet no wier dat och keng laangfristeg Léisung. Et géif ee villméi probéieren zesumme mat den Autoritéiten déi Leit op laang Dauer ënner ze kréien, grad well elo och déi kal Méint virun der Dier stinn.