Wandpark zu WeilerGréng Luucht fir grénge Stroum trotz Routmilan

De Projet vum Wandpark mat 7 Eoliennen zu Weiler an der Gemeng Wëntger kéint geschwë Realitéit ginn. No 7 Joer ...

Neie Wandpark kënnt! (08.10.2015)
An der Gemeng Wëntger gëtt geschwenn knapp 1% vum lëtzebuerger Stroum produzéiert.

Virun 7 Joer gouf fir d'éischt eng Demande fir dëse Projet gestallt an elo ass d'Gemeng drop an drun, eng Geneemegung auszestellen an och vum Ëmweltministère kéint am Prinzip d'nächst Woch eng Autorisatioun virleien.

Wandpark zu Weiler: Reportage Annick Goerens



De Site zu Weiler am Éislek wär wand-technesch gesinn enorm interessant an ee vun deenen 3 beschten am Land. Dofir ass et net verwonnerlech, dass jorelaang un dem Projet festgehal gouf. Den Haaptgrond fir de Retard ass den "Routmilan", ee Gräifvull, deen europäesch geschützt ass an deen op dem geplangte Site säi Juegd-Revéier huet.

De Buergermeeschter vu Wëntger, Marcel Thommes, erënnert drun, datt een an enger Naturschutz- a Vugelschutzzon ass. D'Diskussioun wier drëm gaangen, ob de Revéier vum Routmilan vun den Eoliennë beanträchtegt gëtt. Also hätt ee misse kucken, wéi eng Oploen ze maache sinn, fir eng Autorisatioun ze kréien.

De Retard ass natierlech och doduerch komm, dass de Promoteur de Projet en cours de route geännert huet, well ëmmer nees nei a besser Maschinnen op de Marché koumen. De Mike Wagner, 1er Conseiller de Gouvernement am Ëmweltministère, erkläert, dass ee Wandpark och zwou Geneemegunge vun deem Ministère brauch:

Eng op Basis vum Kommodosgesetz, déi kuckt méi d'Aspekter, déi de Mënsch betreffen, wéi de Kaméidi an de Schied, deen ëmmer a Beweegung ass; an eng op Basis vum Naturschutzgesetz, hei geet et virun allem ëm d'Biodiversitéit.

D'Kommodosgeneemegung läit vir, déi vum Naturschutz nach net, hei mussen nach Detailer gekläert ginn, ë.a. wéi déi grouss Camionen dohi kommen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.