European Energy Award4 Gemengen aus Lëtzebuerg ausgezeechent

Zu Leipzig goufen 33 europäesch Gemengen, Stied a Regiounen fir hir nohalteg Energiepolitik mam gëllenen "European Energy Award" ausgezeechent.

Och 4 Gemengen aus dem Grand-Duché kruten en Award: Schëffleng, Parc Housen, Biekerech an Tandel.

Fir de Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira e wichtegt Signal, an dat net nëmmen en Vue vun der Klimakonferenz zu Paräis. Schliisslech wier et um Niveau vun de Regiounen an de Gemengen, wou de konkreten Ëmweltschutz duerno och ëmgesat misst ginn.

EEA Gold fir 4 Gemengen (Reportage: Eric Hamus)