RegierungsëmbildungBettel Kultur, Arendt do Staatssekretär, Hansen Logement

D'Logements- a Kulturministesch Maggy Nagel huet um Mëttwoch während dem Regierungsrot hire Récktrëtt annoncéiert. De Claude Lamberty réckelt an d'Chamber.

Maggy Nagel demissionéiert (16.12.2015)
D'Kultur- a Logementsministesch Maggy Nagel huet de Moien hir Demissioun ginn.
De Guy Arendt-Portrait vum Nico Graf



Um Mëttwoch hu sech déi politesch Evenementer an der DP iwwerschloen ... dat nom laang erwaarten Out vum Maggy Nagel aus der Regierung.

Als Ersatz fir d'Ministesch an der Kultur gouf fir d'éischt den DP-Ostdeputéierten, Munnerefer Buergermeeschter an neierdéngs ee vun den DP-Vizepresidenten, de Lex Delles, proposéiert. Deen ass Zweetgewielten op der DP-Ost-Lëscht a war dowéinst, esou de Premier Xavier Bettel, éischte Choix. De Lex Delles huet d'Offer awer refuséiert.

Extrait Lex Delles



Dës Decisioun ass dem Lex Delles awer natierlech alles anescht wéi liicht gefall ...

Lex Delles: Decisioun net einfach gefall.



Da war nach d'Fro, wéi laang da schonn ewell no der Successioun vun der Madame Nagel gesicht gouf, respektiv wéini de Lex Delles gefrot gouf? Et hätt Diskussioune ginn an e wier virun net all ze Laangem gefrot ginn an hätt dunn decidéiert ...

Lex Delles: Wéini gefrot?



De Lex Delles wollt net Nofolger vum Maggy Nagel ginn. Als Zweetgewielten op der DP-Lëscht am Oste war hien awer éischter Choix ...


De Récktrëtt vum Maggy Nagel houng déi lescht Méint jo an der Loft. D'Ministesch hat am Beräich Logement Ënnerstëtzung vum Staatssekretär Marc Hansen kritt. Woubäi dee ganz séier Responsabel fir d'Haaptdossiere war. Hien iwwerhëlt de Ressort Logement elo als Minister.

Dernieft gëtt hien delegéierte Minister beim Claude Meisch am Ministère fir Héichschoul an Educatioun.

Um 13.25 huet dunn d'DP-Presidentin Corinne Cahen annoncéiert, datt de Guy Arendt vum Comité directeur nominéiert gouf. De Xavier Bettel iwwerhëlt de Ressort vun der Kultur selwer. De Guy Arendt, Député-Maire vu Walfer, gëtt do Staatssekretär.

De Guy Arendt, neie Staatssekretär an der Kultur.© Nico Graf


Zu Walfer dierft d'Joëlle Elvinger, bis elo zweet Schäffen, nei Buergermeeschtesch ginn.



Nei Responsabel am Kulturministère (16.12.2015)
De Premier Xavier Bettel, dee jo scho Kultus- a Medie-Minister ass, iwwerhëlt elo och nach d'Kultur. Staatssekretär u senger Säit gëtt de Guy Arendt vun der DP.


Well de Guy Arendt aus Zentrum ass an elo an d'Regierung wiesselt, réckelt do deen Nächstgewielten op der DP-Lëscht an d'Chamber no, dat ass dann de Claude Lamberty an deen acceptéiert, gëtt also elo Deputéierten. "Jo, ech si frou, konkret kënnen do matzeschaffen, wou een d'Weiche fir d'Zukunft kann hëllefe stellen. Freeë mech op déi Erausfuerderung", esou de Claude Lamberty op RTL-Nofro.

De Claude Lamberty


D'Maggy Nagel verléisst d'Regierung, si konzentréiert sech elo op aner Defien, esou de Xavier Bettel virun de Medien.

De Premier erkläert der Press de Revirement an der Regierung.© Luc Rollmann


Grënn fir de Récktrëtt? (16.12.2015)
E Réckbléck op eng éischter turbulent Regierungs-Carrière.

REAKTIOUNEN

Natierlech gouf d'Demissioun Nagel entspriechend vill an de Kulisse vun der Chamber politesch kommentéiert, de Récktrëtt vun der Ministesch wier d'Enn vu "Pleiten, Pech und Pannen".

De Michel Wolter (CSV) huet esou reagéiert: "Et ass du jamais vu! ... Den Här Delles seet dem Här Staatsminister an der Press, dass en net wëll an d'Lëtzebuerger Regierung kommen ... et stellt ee sech wierklech d'Fro: Wou si mer ukomm?"

Wiessel an der Regierung: Reaktioun Michel Wolter.



Fir d'ADR war et keng richteg Iwwerraschung - de Gast Gibéryen iwwert d'Grënn, déi zum Récktrëtt vun der fréierer Munnerefer Buergermeeschtesch gefouert hunn: An hirem wichtegste Ministère, dem Logement, wier absolut näischt geschitt ... Si hätt hiren Direkter ofgesat a wier elo selwer ofgesat ginn - fir dee Ministère 2 Joer verlueren Zäit ...

Wiessel an der Regierung: Reaktioun Gast Gibéryen.



Wierklech iwwerrascht war och den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry net, deen d'Decisioun zur Kenntnis geholl huet an nach eng kleng Lanz fir d'Maggy Nagel brécht: Si hätt hir Dossiere kann a wier keng schlecht Ministesch gewiescht, och wann eng aner Aschätzung wäit verbreet wier ...

Wiessel an der Regierung: Reaktioun Alex Bodry.



An de Serge Urbany vun déi Lénk huet d'Decisioun kuerz esou kommentéiert: All Minister wier fräi ze decidéieren, wéini de Moment komm ass, fir opzehalen - dat hei wier eng perséinlech Decisioun, kee politesche Fait ...

Wiessel an der Regierung: Reaktioun Serge Urbany.



Depart vum Maggy Nagel - Reaktiounen (16.12.2015)
Natierlech gouf d'Demissioun Nagel entspriechend vill an de Kulisse vun der Chamber politesch kommentéiert.

Pressecommuniqué vun der CSV

Zum Abschied einer Ministerin

Noch am Wochenende bescheinigte Premier Xavier Bettel seiner Parteifreundin Maggy Nagel „ein vollwertiges Mitglied der Regierung” zu sein, die sein „vollstes Vertrauen genieße”. Mit ihrem Rücktritt zieht Maggy Nagel einen Schlussstrich unter eine Serie von Pleiten, Pech und Pannen. Somit findet die Chronik eines unvermeidbaren Rücktritts ein Ende.

Die DP stellt sich gerne als „Team“ dar. Über die Kompetenz und das Vertrauen in diesem Team kann man sich angesichts der Demontage einer glücklosen Ministerin nur wundern.

Das Durcheinander bei der Suche nach einem Nachfolger ist kein Zeichen stabiler Regierungsführung.

Mitgeteilt vom CSV-Generalsekretariat


Communiqué vun den "Denkmalschutz–Vereinigungen"

Wechsel an der Spitze des Kulturministeriums

Zum Wechsel im Amt des Kulturministers erklären die Denkmalschutzorganisationen „Luxembourg Patrimoine", „Sauvegarde du Patrimoine" und „Lampertsbierger Geschichtsfrënn":

Das wichtigste und drängendste Projekt des neuen Kulturministers wird das neue Kulturschutzgesetz sein.

Dieses Gesetz soll erstmals den Schutz von Denkmälern, archäologischen Stätten, beweglichen Objekten (wie Gemälde, Skulpturen, Möbel) und immateriellem Erbe (wie der luxemburgischen Sprache) sicherstellen.

Luxemburg hat hier, verglichen mit den Nachbarländern, einen immensen Nachholbedarf.

Das kulturelle Erbe des Großherzogtums ist nur unzureichend geschützt.

Alle Vorarbeiten für das neue Gesetz wurden in den vergangenen Jahren geleistet, von Etuden bis zu „Assises du Patrimoine". Daran haben sich die Denkmalschutzorganisationen in großem Maße ehrenamtlich beteiligt, u.a. in vielen Sitzungen einer Arbeitsgruppe im Kulturministerium.

Der Gesetzesentwurf war für Dezember 2015 angekündigt worden. Er muss spätestens im ersten Quartal 2016 auf dem Tisch liegen, um die Dynamik der vergangenen Monate zu erhalten. Das war auch der Tenor der Debatte zum Denkmalschutz, die am 1. Juli 2015 in der Chamber stattgefunden hat. Die Redner aller Fraktionen unterstützen diesen Weg.

Nachdem das Archivgesetz und der Neubau der Nationalbibliothek in trockenen Tüchern sind, ist das Kulturschutzgesetz die wichtigste Aufgabe des neuen Kulturministers in dieser Legislaturperiode. Wir sagen ihm unsere weitere Unterstützung dabei zu.

Paul Ewen, Präsident "Luxembourg Patrimoine"

Anicet Schmit, Präsident "Lampertsbierger Geschichtsfrënn"

Jochen Zenthöfer, Vizepräsident "Sauvegarde du Patrimoine"


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.