GrondakommesEng Méiglechkeet fir Lëtzebuerg?

A ville Länner gëtt driwwer diskutéiert, et probéiert oder an engem Referendum driwwer ofgestëmmt. Zu Lëtzebuerg ass d'Piratepartei kloer derfir!

Grondakommes ëmmer méi staark an der Diskussioun (04.01.2016)
A villen europäesche Länner gëtt d'aféieren vum Grondakommes ouni Conditiounen ëmmer méi staark diskutéiert, an hei zu Lëtzebuerg?
Dëst Joer gëtt an der Schwäiz an engem Referendum iwwer sou eng Iddi ofgestëmmt, a Finnland gëtt och driwwer diskutéiert an an Holland geet dësen Mount een Pilotprojet mam Grondakommes lass. An Däitschland huet de Chef vun der Telecom sech souguer rezent fir e Grondakommes ausgeschwat.

LINK: Finnland fuerscht - 800 Euro Grondakommes als grousst Experiment

De  Prinzip ass, dass all Bierger ee fest Akommes bezuelt kritt, ouni iergendwellech Konditiounen, erklärt den Patrick Kolbusch vun der ASBL „Initiativ bedingungslost Grondakommes Lëtzebuerg“. Schwieregkeete fir Lëtzebuerg ass d'Gréisst vum Land an d'Unzuel vun de Leit aus dem Ausland, déi all Dag heihinner schaffe kommen. An awer kann ee sech virstellen, datt e Grondakommes iwwer d'Konsumsteier kéint finanzéiert ginn a vill sozial Leeschtungen, déi ausbezuelt misste ginn, géifen ewechfalen.

Extrait Patrick Kolbusch



Ass d'Grondakommes och en Thema fir Lëtzebuerg am nächste Joer?

Grondakommes / Reportage Annick Goerens


Fir déi eng ass et een verréckten Dram vu Sozialromantiker, fir déi aner ass et d'Léisung fir eng méi gerecht Gesellschaft. D'Iddi hannert engem bedingungslose Grondakommes ass jee no Modell ganz verschidden. Fir d'Lëtzebuerger ASBL „Initiativ bedingungslost Grondakommes“ soll dës Iddi een Denk-Ustouss sinn, fir eng aner Gesellschaft ouni permanente Leeschtungsdrock, erklärt de President Patrick Kolbusch. Esou mussen d'Leit net méi eng Aarbecht maache, déi fir si kee Sënn huet, just well si Sue verdénge mussen. Aner Gruppen, wéi d'Baueren, wiere mat engem Grondakommes net méi ënnert deem Drock, ënnert deem si am Moment sinn.

Natierlech ass ee sech bewosst, dass et fir Lëtzebuerg alleng, als klengt Land, géing schwiereg ginn, fir ee Grondakommes anzeféieren, och well souvill Frontalieren all Dag iwwer d'Grenze schaffe kommen, déi misst ee jo dann och mat arechnen. Mä op méi klengem Niveau kéint et awer fonctionnéieren. Et kéint iwwer verschidde Firmen ufänken an dann sech weider ausbreeden. Et kann een awer aktuell net ausrechnen oder duerchspillen, wéi et mat engem Grondakommes géif ausgesinn, sou de Patrick Kolbusch.

Mä wie géing dann iwwerhaapt nach schaffe goen? Dat ass d'Gretchen-Fro an der Debatt ronderëm een bedingungslost Grondakommes. Mä net nëmmen dat, d'Käschte fir de Staat wären enorm, souguer dann, wann duerch ee fixt Akommes all sozial Prestatioune géinge gestrach ginn, seet den Economist Muriel Bouchet vun der Fondatioun IDEA. Mat de Frontalieren an hire Famillje géif een heibäi op enger Ausgab vu 15 Prozent vum PIB kommen, wat en enorme Schifer ass.

Grondakommes ass net gläich Grondakommes. Et gi verschidde Modeller mat verschiddene Ideologien. An der Schwäiz soll, wann de Referendum positiv ausgeet, een humanistesche Modell kommen, mat deem d'Leit sollen entlaascht ginn. Zu Lëtzebuerg ass een Grondakommes den Ament op alle Fall nach net um politeschen Agenda.

COMMUNIQUÉ

Piratepartei kloer fir e bedingungslost Grondakommes

2016 gëtt en interessant Joer fir d'Iddi vum Grondakommes: A verschiddenen europäesche Länner gi Pilotprojete gestart (Niederlanden a Finnland), a Referenden ofgehal (Schwäiz). Säit hiren Ufäng setzt d'Piratepartei Lëtzebuerg sech fir d'bedingungslost Grondakommes als e Mëttel fir sozial Gerechtegkeet ze schafen an. "An de leschte Joerzéngten hu mer e steetegen Ustig u Produktivitéit gesinn dee sech a kengster Weis fir déi Leit gelount huet déi en erméiglecht hunn", sou den René Schmit Member vum Presidium. "Grad de Contraire konnt ee gesinn: D'Schéier zwëschen Aarm a Räich ass ëmmer méi auserneen geklafft. Dofir proposéiert d'Piratepartei den Usaz vun enger negativer Steier déi niddreg Akommen entlaascht, an héiger méi progressiv belaascht."

Zousätzlech kann d'bedingungslost Grondakommes dofir suergen den Entrepreneursgeescht ze entfesselen. "Fir jonk Absolventen ass de finanzielle Risk eng Entreprise ze starten ze grouss, grad zu Lëtzebuerg mat sengen héige Liewenskäschten. Déi Risiken erméiglechen et hautdesdaags nëmme Leit mat Besëtz, oder enger substanzieller finanzieller Ënnerstetzung aus hirer Famill, ee Betrib op d'Been ze stellen" sou weider den René Schmit. "Dobäi sinn grad d'Kreatioun vu Firmen souwéi d'Ëmsetzen vun Innovatiounen déi Wuesstemsdreiwer déi d'finanziell Sécherheet vu Lëtzebuerg op laang Siicht droe kënnen."

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.