Lëtzebuerger vum JoerPolizistin Yasmine Grisius an Ausseminister Jean Asselborn

D'Decisioun ass gefall: Ronn 3.000 Leit hunn op RTL.lu ofgestëmmt an hir Perséinlechkeete vum vergaangene Joer gewielt.

Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer 2015 (01.01.2016)
Yasmine Grisius a Jean Asselborn - dat sinn d'Lëtzebuerger vum Joer 2015
An dobäi ass erauskomm, datt ee Präis nees posthum vergi gëtt: Bei den Damme gouf nämlech d'Yasmine Grisius mat Ofstand am meeschte gewielt. Si hat am Déngscht fir d'Allgemengheet hiert Liewe gelooss an eis doduerch all an Erënnerung geruff, wéi geféierlech de Beruff vum Polizist ass.

Zur Erënnerung: An der Nuecht vum 4. op de 5. Juni haten zwee Poliziste vun der Cap zu Dippech eng Kontroll duerchgefouert an en Auto gestoppt, un deem eng Luucht net fonctionnéiert hat. Dat Gefier gouf vum Yasmine Grisius kontrolléiert. Op eemol koum en anere Won gefuer, wéi dee sollt unhalen, hätt de Chauffeur awer Gas ginn, doropshin d’Kontroll verluer a wär an d’Beamtin gerannt, déi tëscht den zwee Gefierer ageklemmt gouf. Hir Blessure ware sou uerg, dass si kuerz drop gestuerwen ass. Kuerz nom déidlechen Accident war bekannt ginn, dass den elo 36 Joer alen Automobilist, deen d’Yasmine Grisius, Mamm vun zwee Kanner, ze pake kritt hat, gedronk hat a Recidivist war. Hien hat zum Zäitpunkt vum Tëschefall iwwer 1,2 Promill Alkohol am Blutt, nieft Spure vu Cannabis, a war am Mee 2014 zu engem Fuerverbuet vun 21 Méint mat Sursis veruerteelt ginn, well hien och do ze vill intus hat.

Deen déidlechen Accident hat deemools net nëmmen a Policekreesser, mä och op de sozialen Netzwierker an an der Populatioun fir Trauer a Betraffenheet gesuergt. Dat dierft och dee klore Verdikt elo an der Wiel vun der Lëtzebuergerin vum Joer erklären: e posthumen Hommage.



Stellvertriedend hunn dem Yasmine seng Elteren, d'Suzette an de Willy Grisius, eng kleng Statue als symbolesche Präis entgéintgeholl - dat op Silvestermëtteg, nodeems de Vote offiziell ofgeschloss war. Op dem 31. Dezember wier d'Yasmine Grisius 39 Joer al ginn. Hire Pap huet d'Unerkennung als "Freed am Leed" bezeechent an hätt natierlech léiwer gehat, seng Duechter hätt de Präis selwer kënnen entgéinthuelen. Elo ass d'Statuett fir seng zwou Enkelinnen, also fir dem Yasmine seng Kanner am Alter vun 3 a vun 9 Joer - "als Erënnerung un hir Mamm", déi sech net just als Polizistin, ma och op der Ambulanz a bei de Pompjeeë fir d'Matmënschen agesat hätt. Zu Nidderkuer hat si esouguer eemol Kanner aus engem Feier gerett. "Mir si frou, datt d'Yasmine nach net vergiess ass", sote seng Elteren, fir déi déi vill Reaktiounen, och vun de Kollegen, beweist, wéi beléift hiert Meedche war.

Ronn 20 Joer laang war d'Yasmine Grisius Polizistin. An elo gouf si och zur Lëtzebuergerin vum Joer 2015 gewielt. Op déi zweet Plaz koum d'Lisa Berg. Mat hirem Lidd "Hope" huet d'Cellistin kranke Mënschen Hoffnung ginn an huet du selwer Kriibs kritt an dat dunn och selwer ëffentlech thematiséiert. Plaz 3 war fir d'Tessy Fautsch. Si war nominéiert gi fir hir "phantastesch Aarbecht an hire risikovollen Asaz géint Ebola".

D'Top 10 vun den Dammen:

1) Yasmine Grisius
2) Lisa Berg
3) Tessy Fautsch (MSF)
4) Amandine Rafael
5) Marianne Heinen
6) Michèle Wallenborn
7) Amira-Louise Ouardalitou
8) Christine Majerus
9) Jennifer Thielen
10) Denise Bucciarelli-Leisch

Bei den Häre war d'Resultat manner kloer, well zwee Kandidate sech eng Kapp-u-Kapp-Course geleescht hunn, natierlech ouni dat ze wëssen. Während de Philippe Ernzer vu Meteo Boulaide laang d'Nues virhat, konnt sech um Enn awer den Ausseminister Jean Asselborn duerchsetzen. Net just während der Lëtzebuerger EU-Presidence huet hi sech agemëscht, och a villen däitschen Talkshowen huet hir kloer Positioun bezunn. Net ouni Grond, esou Sondagen, ass de Jean Asselborn de beléifste Politiker am Land.

© AFP


Op déi zweet Plaz koum, wéi gesot, de Philippe Ernzer, deen och schonn 2014 Zweete gouf. Drëttgewielte gouf de Kevin Schiltz, dee sech op de Färöer Inselen fir d'Grindwalen agesat huet an dowéinst verhaft gi war.

D'Top 10 vun den Hären:

1) Jean Asselborn
2) Philippe Ernzer
3) Kevin Schiltz
4) Patrizio Conti
5) Fred Keup
6) Michel Scholer
7) Bob Jungels
8) Jacques Pütz
9) Gilles Müller
10) Ronny Rommes

Well de Jean Asselborn den Ament am Ausland ass, kritt hie seng Statue méi spéit iwwerreecht. Et handelt sech dobäi ëm Konschtwierker vum Martine Deny, déi déi "Nei Gëlle Fra" duerstellen a fir dës Wiel individualiséiert goufen.



Wéi ass de Vote ofgelaf?

Am Ufank konnten d'Leit op RTL.lu Kandidate proposéieren. Aus iwwer 300 Proposen, déi eis tëscht dem 1. an dem 13. Dezember erageschéckt goufen, hu mir allkéiers 15 Fraen a 15 Männer zeréckbehalen. Alles an allem waren 38 Fraen an 69 Männer virgeschloe ginn. Souwuel bei der Lëtzebuergerin wéi och beim Lëtzebuerger vum Joer hat jidderee 6 Stëmmen. Eng Persoun konnt der maximal 3 kréien, dofir hate mir proposéiert, datt Äre Favorit der 3 kritt, Ären zweete Choix der zwou an Ären 3. Choix eng.



Wéi konnt ee matmaachen?

Eng 3.000 Leit hu bei der Wiel vun der Lëtzebuergerin an dem Lëtzebuerger vum Joer matgemaach, domat bleift d'Ofstëmmung populär, och wa si net no statistesch-wëssenschaftleche Critèren duerchgefouert gouf a just representativ fir d'Utilisateure vun RTL.lu ass.

Fir matzemaachen, huet een en Account op RTL.lu gebraucht an da konnt een och ee vun 3 Tablet-Computer HP 410 Pro X2 offréiert vun der Post gewannen. Wien déi glécklech Gewënner sinn, deele mer am Laf vun der nächster Woch mat. Si ginn dann och direkt kontaktéiert. Aus all deene Leit, déi eis e Kandidat proposéiert hunn, zéie mer iwwregens och e Gewënner, deen dann e Package aus Bicher an RTL-Gadgete kritt.

Zeréckzebehale vun der 2015er Editioun bleift, datt d'Leit Engagement ze wierdege wëssen an datt d'User net nëmme Leeschtungen honoréieren, ma duerch hir Wiel och Sympathie a Matgefill ausdrécken - esou wéi dat iwwregens och schonn 2014 de Fall war ...

Interessant och, datt zwar bei de Männer insgesamt méi Stëmme vergi goufen, ma datt déi zwou éischt Damme méi Eenzelstëmme krute wéi deen éischten Här, also de Jean Asselborn.

Wie krut bis elo den Titel "Lëtzebuergerin" a "Lëtzebuerger vum Joer"?

2015: Yasmine Grisius (posthume Präis) a Jean Asselborn
2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend - posthume Präis: déi 2 Mataarbechter vun "Le soleil dans la main" ware bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe komm)
2013: Sylvie Conter (Riichterin) a Gaston Vogel (Affekot)
2012: Eliane Leger (Infirmière) a Romain Hilbes (Buschauffer a Liewensretter)
2011: Xavier Bettel
2010: Andy Schleck
2009: Andy Schleck
2008: Jean-Claude Juncker

Eréischt zanter 2012 ginn d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer an zwou getrennten Ofstëmmunge gesicht.

Am Réckbléck:

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend gewielt
http://www.rtl.lu/lifestyle/people/498429.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2013: Sylvie Conter a Gaston Vogel sinn d'Lëtzebuerger vum Joer
http://www.rtl.lu/lifestyle/people/498429.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2012: Eng Infirmière an e Buschauffer
http://www.rtl.lu/letzebuerg/371125.html

RTL-NEWS: Xavier Bettel heescht de "Lëtzebuerger vum Joer 2011"
http://www.rtl.lu/letzebuerg/177199.html

RTL-NEWS: De "Lëtzebuerger vum Joer 2010" heescht Andy Schleck!
http://www.rtl.lu/letzebuerg/90553.html

RTL-NEWS: RTL.LU: Andy Schleck heescht de Lëtzebuerger vum Joer 2009
http://www.rtl.lu/letzebuerg/54111.html

RTL-NEWS: RTL.LU: De Jean-Claude Juncker ass de Lëtzebuerger vum Joer 2008
http://www.rtl.lu/letzebuerg/3758.html

Klengen Appell un eis Commentateuren:

Dat Neit Joer ass jo nach ganz frësch, dofir sech net direkt ewell bei der éischter Nouvelle d'Käpp aschloen, ma w.e.g. mat e bësse Respekt a Sensibilitéit op de Vote reagéieren - och wann ee vläit aus iergendengem Grond selwer frustréiert ass ... Natierlech dierf een eppes gutt oder schlecht fannen, ma d'User hu proposéiert an decidéiert, jidderee konnt do matmaachen ... Merci fir Är Kooperatioun an Är Contributioun, datt den Debat serein bleift.

An all Guddes fir 2016!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.