Kathoulesch KierchErny Gillen gëtt Priistertum op a verzicht op Mandater

De fréiere Generalvikar wëll sech perséinlech a professionell nei orientéieren, heescht et an engem Schreiwes vun der Kierch um Méindeg de Moien.

© RTL (Archiv)
Den Erny Gillen an d'Kierch: Rep. Nico Graf



Hannert der Zukunft vum Erny Gillen an der kathoulescher Kierch stoung jo scho méi laang e Froenzeechen. Elo ass d'Fro dann op d'mannst zum Deel beäntwert: De fréiere Generalvikar geet nei Weeër, den Äerzbistum seet him op jiddwer Fall Merci fir säin Asaz.

Am Kloertext: Den Erny Gillen gëtt säi Priistertum op, trëtt also aus dem Stand vum Kleriker aus, esou de Pressespriecher vun der kathoulescher Kierch, Roger Nilles, op RTL-Nofro.

Datt den Erny Gillen ophält, als Paschtouer ze schaffen, wollt de Roger Nilles net weider kommentéieren: "Dat si wierklech perséinlech Grënn, déi hien zu där Decisioun beweegt hunn. Hien huet déi Decisioun och virun enger gewësser Zäit dem Här Äerzbëschof matgedeelt, en ass och an Tëschenzäit bei där Decisioun bliwwen. Dat ass e Choix, dee mir als Kierch vu Lëtzebuerg bedaueren, ma mir respektéieren e gläichzäiteg a soen him natierlech Merci fir säin Engagement iwwer déi lescht Joren."

De Roger Nilles iwwert de Récktrëtt vum Erny Gillen



Réckbléck: Récktrëtt a Kuriekritik

Den Erny Gillen war am Februar 2015, op Äschermëttwoch, als Generalvikar vun der kathoulescher Kierch zeréckgetrueden - 3 Wochen nodeems d'Konventioun tëscht dem Staat an de Glawensgemeinschaften ënnerschriwwe gi war. Wéinst där Konventioun war et jo zu gréissere Meenungsdivergenzen an der Kierch komm.

Den Erny Gillen war de 16. Oktober 2011 op de Posten als Generalvikar komm a sot no sengem Récktrëtt, dass dräi ustrengend Joer hannert ëm léichen, an dass hien elo Zäit bräicht, fir nei Kraaft an nei Energie ze tanken, fir nei Aufgaben.

Dono hat den Erny Gillen en oppene Bréif un de Poopst a Form vun engem Buch formuléiert, dat ënnert dem Titel "Wéi e Poopst d'Kuriekrankheete kann heelen" erauskomm war.



Dës 15 Krankheeten oder Mëssstänn hat den Erny Gillen selwer op Äschermëttwoch zitéiert, wéi hie vu sengem héije Posten an der Lëtzebuerger Bistumshierarchie zréckgetruede war. A sengem Buch proposéiert den Erny Gillen, datt Bëscheef an Zukunft sollten duerch national Bëschofskonferenz ausgewielt ginn, net d'Kurie am Vatikan sollt d'Direktioun virginn, mä d'Vollek an déi Gleeweg.

D'Bureauen an d'Déngschtwunnengen am Vatikan sollte Réfugiéen zur Dispositioun gestallt kréien. Weider freet den Erny Gillen, datt d'réimesch Kurie misst hire Pouvoir ofginn a sech zu enger "Gott ënnert de Mënschen-Kierch" entwéckelen. Den Ex-Vicaire Général kritiséiert a sengem neiste Wierk, datt de Poopst François wuel Reformen ugestouss hätt, mä datt de Fonctionnement bannent dem Vatikan zum Verdross vun de meeschten Gleewegen net géif a Fro gestallt ginn.

Ausbléck: Ethik a Féierungsqualitéiten

Um Méindeg de Moien huet d'kathoulesch Kierch an engem kuerze Schreiwes confirméiert, datt den Erny Gillen sech elo nei Weiche gestallt huet an elo als Wëssenschaftler de Froe vun "ethics and leadership" am europäeschen an internationalen Zesummenhank nogeet.

Den Erny Gillen, Professer an der moralescher Theologie an Dokter an Theologie, ass 1985 Paschtouer ginn. Hie war och President vum Verwaltungsrot vu Saint-Paul Luxembourg, stoung laang un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Fondatioun Caritas a war och President vu Caritas Europa. Laang war hien  och Vizepresident vu Caritas Internationalis. Hei hat hien drop spekuléiert, President ze ginn, ma du gouf een anere Kandidat zeréckbehalen.

Communiqué vun der kathoulescher Kierch
(op Lëtzebuergesch an op Franséisch)


No sengem Studienopenthalt um Boston College huet den Här Erny Gillen op perséinlechem a professionellem Plang nei Weiche gestallt. An Zukunft geet hien als Wëssenschaftler de Froe vun "ethics and leadership" am europäeschen an internationalen Zesummenhank no. Hien huet seng Mandater an den diverse Verwaltungsréit zur Verfügung gestallt. Den Äerzbistum seet dem Här Gillen Merci fir säin onermiddlechen Engagement am Déngscht vun der Saach.

- - -

Au terme de ses études complémentaires au Boston College, Monsieur Erny Gillen a décidé de réorienter sa vie privée et professionnelle. Dorénavant il se consacrera comme expert scientifique à des questions d'éthique et de leadership sur le plan européen et international. Il a présenté les démissions de ses mandats dans les différents Conseils d'administration. L'Archevêché remercie Monsieur Gillen de son engagement infatigable dans l'exercice de ses multiples tâches.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.