DéifferdengNieft Kinésschoul ass och eng Sportsuni geplangt

An der aler Déifferdenger Schwämm soll am Abrëll d'Kinésschoul opgoen, ma nach ass et e Schantjen.

Sportuni op Déifferdeng (27.01.2016)
Niewt der Uni fir Kinesitherapie ass och eng Sportuni an Zesummenaarbecht mat der Uni vu Shanghai geplangt.
Bei den Autorisatioune gouf et e puer Startschwieregkeeten, ma elo wär alles gutt um Rullen, sou den Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini. 4 Milliounen Euro stécht Lunex an den Ëmbau, d'Gemeng hirersäits investéiert och nach eng Kéier 1 Millioun.

Och wann et am Abrëll just mat enger Schoulklass lassgeet, sou sollen op laang Dauer 400-800 Studenten hei fir Kiné, Sportsmanager a Sportswëssentschaftler léieren.

D'Lunex Universität fängt zu Déifferdeng un (26.01.2016)
Kinésithérapie, Sportwëssenschaften a Sportmanagement ginn do ugebueden. Déi éischt Klass soll Ugangs Abrëll ufänken


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.