2. Jugend-RapportWéi meeschtere Jonker den Iwwergang an den Erwuessenenalter?

D'Transitioune stinn am Mëttelpunkt vum Jugendrapport 2015, deen d'Press am Edupôle zu Walfer presentéiert krut.

Eng vun de Konklusiounen ass déi, datt déi Jugendlech méi spéit an d'Beruffsliewen era klammen.

D'Jugendgesetz vun 2008 gesäit vir, datt den zoustännege Minister der Chamber all 5 Joer e Jugendbericht presentéiert. Beim zweete Rapport vun där Zort – deem aktuellen - hunn d'Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg während 3 Joer d'Transitiounsphasë vu jonke Leit analyséiert, op 3 Niveauen: Graff resuméiert sinn et d'Schaffen, d'Wunnen an d'Partizipéieren.

Beim Schaffe fält zum Beispill op, datt de Wee an d'Aarbechtswelt vill méi spéit ufänkt ewéi fréier, sou de Professer Dokter Helmut Willems vun der Uni Lëtzebuerg, well méi laang studéiert gëtt.

4 Type vu Weeër an d'Beruffswelt goufe constatéiert. Et geet vun engem linearen Iwwergang bis hi bei eng gescheitert Transitioun. An deem Grupp identifizéieren d'Fuerscher dacks Leit mat ville Problemer, déi sech punkto Aarbechtsmarché selwer opginn hunn.

Riwwer dann an de méi private Beräich, notamment d'Wunnen, et géif ee bis 30 Joer doheem bei den Eltere wunnen.

Frae mat méi engem nidderege Schoulofschloss kréien hiert éischt Kand an der Moyenne mat 23-24 Joer, bei Fraen déi postsecondaire Etudë gemaach hu geschitt dat ganzer 10 Joer méi spéit.

Bei der Partizipatioun gouf ënnert anerem fest gestallt, datt sozial a politesch engagéiert Jugendlecher d'Transitioun besser meeschteren ewéi anerer.

Den zoustännege Minister Claude Meisch sot, datt ähnlech ewéi nom leschte Jugendrapport och dës Kéier Konklusioune géinge gezu ginn, och en Aktiounsplang kéim no.