OUNIÉischte Buttek zu Lëtzebuerg ouni Verpackung

Eng Equipe vu 7 jonke Fraen mécht dëse Summer e Buttek op mat engem zu Lëtzebuerg neie Konzept: deen éischte Buttek bei deem et keng Emballage ginn.

© Ouni / Facebook
Zu Lëtzebuerg produzéiert all Eenzelne vun eis am Duerchschnëtt iwwer 600kg Offall am Joer. Dogéint kann a muss een eppes maachen, seet eng Equipe vu 7 jonke Fraen, déi sech an de leschte Méint fonnt huet an déi am Summer deen éischte Buttek zu Lëtzebuerg opmécht, an deem et keng Emballagen ginn.

OUNI: Éischte Buttek ouni Verpackung/Reportage Dany Rasqué


 
Ze kafe kritt een Uebst, Geméis, Cerealen, Mëllech- an och Hygiènesproduiten.

Beim Choix vun deem wat verkaaft gëtt, leet d'Equipe vun OUNI grousse Wäert op verschidde Critèren. Fir d'éischt muss natierlech alles, ouni Verpackung sinn, d'Produite solle lokal, biologesch a wa méiglech och fair gehandelt sinn.

Natierlech kann de Choix net dee selwechte sinn, wéi an engem grousse Supermarché, seet d'Anne Jakoby. Zum Beispill wäert et just eng Zort Olivenueleg ginn oder eng Zort hellen an däischtert Miel. Et kann een einfach net alles vu verschiddene Firmen ubidden.

An awer kritt ee wat ee muss hunn an et keeft een och just déi Quantitéiten, déi ee wëll a brauch. Mat Hëllef vu klenge Siloen kann een da säi Behälter opfëllen. Dat kann ee Behälter vun doheem sinn oder am Buttek kafen, souguer lounen.

E Lokal huet d'Equipe vun OUNI nach net, dat ass den Ament nach e bësse fréi, mä et wëll een d'Geschäft iergendwou zu Bouneweg opmaachen, op 150 bis 250 Metercarré an an de Buttek soll och e Café kommen. Et soll einfach eng Plaz sinn, wou ee gär higeet, sech trëfft an Zäit hëlt.

Bei OUNI ka jidderee matmaachen, well et gëtt eng Cooperative. Et kann ee Partë kafen fir 100 Euro d'Stéck an dann normale Member ginn oder aktive Member. Vun deene Leit gëtt gefrot, datt se wa méiglech all Mount bëssen Zäit investéieren, zwou Stonnen an deenen se zum Beispill hëllefen Commanden opzeschreiwen, bëssen ze botzen oder Produiten opzefëllen.

Eng éischt grouss Informatiounsversammlung ass de 25. Februar um 19 Auer an de Rotonden. Informatioune kritt een och op OUNI.lu oder op Facebook, wou d'Equipe schonn an den éischten Deeg ganz vill Zousproch krut.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.