Mäertert-WaasserbëllegCoup géint Marihuana-Zeen: 6 Leit verhaft

An enger grousser Razzia hat d'Police e Reseau viséiert, dee Marihuana a chemesch Drogen un eng jonk an deels nach mannerjäreg Clientèle verkaaft huet.

Gaart an Heem eemol ganz anescht, esou kéint een dat beschreiwen, wat d'Police als "grousse Coup géint d'Marihuana-Zeen am Groussraum Mäertert-Waasserbëlleg" bezeechent.

Den Dënschdeg, 16. an de Mëttwoch, 17. Februar hunn d'Beamte vum SREC Gréiwemaacher, ënnert der Leedung vum zoustännegen Untersuchungsriichter an der Géigend Mäertert-Waasserbëlleg 6 Leit verhaft, déi verdächtegt ginn, an der lokaler Drogenzeen aktiv gewiescht ze sinn.

Der Police no handelt et sech ëm Dealer, déi jonk Clientë mat Marihuana a chemesch Droge versuergt hunn - d'Clientë wieren zum Deel esouguer nach mannerjäreg gewiescht.

Mat Hëllef vun der Hondsstaffel konnten zirka 350 Gramm Cannabis-Produiten, 570 Euro an eng Indoor-Plantage mat iwwer 50 Cannabisplanze saiséiert ginn.

D'Enquête ass zanter November gelaf.

Et konnten och ronn 60 Clientë vun de gepëtzten Dealer identifizéiert ginn.

Den Untersuchungsriichter huet 5 Beschëllegt an Untersuchungshaft gesat, eng Persoun koum ënner "Contrôle Judiciare".