Camille GiraBuergbrennen erlaabt, Offall-Verbrennung dobaussen net

Dat ass scho laang esou hei zu Lëtzebuerg, zanter 1994, an awer huet de leschte Mount d'Buergbrennen fir Polemik gesuergt.

Ob dat iwwerhaapt erlaabt wier, wann ee näischt méi dierft verbrennen. Um Donneschdeg huet den Ëmweltministère – op enger Pressekonferenz dervu profitéiert – fir d'Gesetzgebung ze präziséieren, déi et beim Verbrenne vum Offall gëtt.

Am Prinzip ass et an der Landwirtschaft, bei de Wënzer an an der Forstwirtschaft verbueden, Saachen – Hecken- a Bamschnëtt - ze verbrennen. Dat ass wéi gesot keng Initiative gewiescht vum gréngen Ëmweltministère, mä gëllt schonn zanter iwwer 20 Joer. Wann een Offall wëll lass ginn, ass sou e Feier verbueden. Eng kulturell Manifestatioun wéi d'Buergbrennen ass awer erlaabt, präziséiert de Staatssekretär am Ëmweltministère, de Camille Gira. Et kéint een awer net al Pneuen an aner Saache matverbrennen Grillen oder Lagerfeier sinn awer natierlech erlaabt. E Feier fir Schädlingsbekämpfung ass iwwregens och erlaabt.

De Camille Gira

Firwat ass et sou wichteg keng Offäll ze verbrennen? Dat stéiert den Noper. Et gëtt d'Gefor vun engem Bëschbrand a beim Verbrenne kënnen och gëfteg Stoffer entstoen, dat dierft een net vergiessen; dat gëllt besonnesch wann naasst Holz verbrannt gëtt.

© gouvernement.lu

Den Hecken – a Bamschnëtt däerf also net verbrannt ginn. Kompostéieren, hexelen si Méiglechkeeten. Et gi vill Gemengen, déi den Offall heem siche kommen oder Plazen, wou een e kann hi bréngen. Fir déi, déi zum Beispill e Bongert hunn, a keng Méiglechkeet hunn, den Dreck iergendwou hinzeféieren, schafft de Ministère och un enger Léisung, sou de Camille Gira. Loftqualitéit a Klimaschutz sollen esou verbonne ginn.

D'Offäll sollen also gesammelt ginn an eng vun den Holzhackschnitzelanlage bruecht ginn. Dat wären zwou Mécke mat engem Schlag. Offall géif dann Energie produzéieren an net d'Loft verschmotzen.