De "Lëtzebuerger vum Joer 2010" heescht Andy Schleck!

Iwwer 3.000 Leit hunn op RTL.lu ofgestëmmt: Lëtzebuerger vum Joer 2010 ass den Andy Schleck. Op Plaz 2 kënnt de Roger Dahm, op 3 de Jean-Claude Juncker.

© Sandy Schmit

"Ech freeë mech immens, fir fir d'zweet hannerenee Lëtzebuerger vum Joer ze sinn", sot den Andy Schleck an enger éischter Reaktioun no der Online-Wiel. "Sportler vum Joer, domat hat ech scho gerechent, mee Lëtzebuerger vum Joer, do ware jo och nach Politiker an der Course, déi och Grousses gemaach hunn", esou den Zweeten aus dem Tour de France weider. "Am Land Land si mir zu ronn 500.000, fir vun deenen dann als 'Lëtzebuerger vum Joer' gewielt ze ginn, dat freet mech natierlech."

 Den Andy Schleck »


De Virsprong vum Andy Schleck, deen och ewell Lëtzebuerger vum Joer 2009 war, war relativ grouss: Hie konnt alles an allem 3.628 Stëmme sammelen, op den zweetgewielte Roger Dahm koumen 1.213 Stëmmen. Datt "Dahms Rosch" et iwwerhaapt esou wäit no vir gepackt huet, dieft och op eng intensiv Campagne op Facebook zeréckzeféiere sinn. Den Haaptprotagonist aus dem Geneviève Mersch sengem Documentaire "Roger" aus den Joer 1996 huet entretemps bei ville Jonke Kultstatus erreecht - an eben déi Fan-Clique schéngt sech online mobiliséiert ze hunn ...

Op der drëtter Plaz ass de Premier Jean-Claude Juncker, dee jo bekanntlech an der éischter Wiel 2008 zum Lëtzebuerger vum Joer gewielt gi war. 2009 war hien och Drëtten.

Op de weidere Plaze sinn eis Coureuren aus dem Vëlossport ganz gut vertrueden: 4. Fränk Schleck, 5. Kim Kirchen, 6. de Gull, bekannt aus dem 100-Stonnen-Challenge vun RTL, 7. Bob Jungels, Weltmeeschter am Contre la montre bei de Junioren, an 8. de Marco "Max" Kraus, e Wiert vu Veianen, fir dee sech och eng trei Fan-Communautéit staark gemaach huet.

25 Kandidate war jo an der Course, hei d'Top 15:

1) Andy Schleck (3.628)
2) Roger Dahm (1.213)
3) Jean-Claude Juncker (1.170)
4) Fränk Schleck (1.096)
5) Kim Kirchen (766)
6) Gull (734)
7) Bob Jungels (622)
8) Marco "Max" Kraus (568)
9) Gérard Lopez (506)
10) Änder Hoffmann (496)
11) Xavier Bettel (464)
12) David Scheier (436)
13) Claus Cito, stellvertriedend fir d'Gëlle Fra (423)
14) Raphaël Stacchiotti (404)
15) Jean Colombera (399)

Ufank Dezember konnten d'Leit jo Kandidate fir de Lëtzebuerger vum Joer proposéieren. E puer honnert Proposë koumen eran, aus deenen hu mir der 25 zeréckbehalen an an d'Course geschéckt. Alles an allem goufen iwwer 15.000 Stëmmen ofginn. Jiddereen, dee sech op RTL.lu agelogged hat, konnt 6 Stëmme verginn, z.B. 3 fir seng éischt Präferenz, 2 fir seng zweet an 1 fir seng drëtt. Mee net jiddereen huet all seng Stëmme verginn, esou datt knapp iwwer 3.000 Leit matofgestëmmt dierften hunn.

An ënnert allen, déi matgemaach hunn, hu mir ee Gewënner gezunn, well ze gewanne gouf et natierlech och eppes: Den iPad geet un d'Anne Bohler. Mir gratuléiere ganz häerzlech!

Zur Erënnerung: De Podium 2009 war Andy Schleck, Thierry van Werveke, Jean-Claude Juncker, Fränk Schleck an Annie Eck-Hieff. 2008: Jean-Claude Juncker, Andy Schleck, Kim Kirchen, Fränk Schleck, deen domat also 3 Mol Véierte war, Thierry van Werweke an op der 6. Plaz de Grand-Duc.

Mir freeën eis elo ewell op d'Wiel vum Lëtzebuerger vum Joer 2011, Rendezvous am Dezember 2011 op RTL.lu!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.