Recevabel, sou Petitiouns-Commissioun"D’Spaghettimonsterkierch zu Lëtzebuerg soll unerkannt ginn"

Dat ass eng vun den 10 Petitiounen, déi an der zoustänneger Chamberkommissioun als recevabel deklaréiert gouf.

Domadder huet et sech awer mam dubiéisen. Déi aner Petitiounen si manner mat den Hoer erbäi gezunn. Et goung zum Beispill och iwwert TVA-Baisse op den Tamponen a Binden oder dem ëffentlechen Transport iwwert der bloer Bréck. Eng Petitioun gouf carrément refuséiert an dat ass d’Petitioun 658, wou et drëms geet, datt eent an zwee Cents-Stecker aus dem Verkéier geholl ginn. Mee d’Petitioun huet ee Critère net erfëllt. An der Regel muss ee Joer tëscht enger Petitioun mam selwechte Sujet leien, dofir gouf si och net als recevabel klasséiert.

Eng aner Petitioun iwwert d’Radare muss vum Petitionär reformuléiert ginn, seet de Marco Schank, deen d’Kommissioun presidéiert. Dat well do behaapt gëtt, datt d'Leit vum Corps diplomatique zwar geblëtzt géife ginn, mee net protokolléiert.

An enger anerer Petitioun gëtt gefuerdert, datt déi blo Bréck soll erhale bleiwen, wann de Pont Adolphe nees a Betrib geholl gëtt. Iwwer déi Bréck sollen all déi Gefierer fueren, déi manner polluéieren.

Doniewent froe 4 Bauerenorganisatiounen an enger Petitioun, datt Lëtzebuerger Produiten an der ëffentlecher Restauratioun solle verschafft ginn.

D'Spaghettimonster dann: Ee bësse iwwerraschend ass et dach, datt grad eng Petitioun déi d’Unerkennen vun esou enger an Gimmetten Kierch an der Chamberkommissioun duerchkomm ass. Datt d’Credibilitéit vun der Petitiounsaarbecht e bëssen verluer goe kéint, mengt den Marco Schank net. D'Leit solle mat hirer Ënnerschrëft decidéieren, ob dës Kiercheparodie no US-Virbild soll ënnerstëtzt ginn.

Soulaang d’Critèren erfëllt sinn, d’Petitiounen zum Beispill net beleidegend oder rassistesch sinn, gëtt et kee Problem. Datt d’Petitiounen een Impakt op déi weider politesch Decisioun weist sech duerch d’Petitiounen ëm den Déiereschutz. Den Minister Fernand Etgen hätt unhand vun deenen Texter Iddien an dat neit Déiereschutzgesetz mat afléisse gelooss, esou de Marco Schank.