Pastafarianesch Kierch"Mir wëllen unerkannt ginn!"

D'Kierch vum fléiende Spaghetti-Monster huet sech e Samschdeg um Houwald Statute ginn a sech um Sonndeg den Owend zu Wuert gemellt ... Ma wourëms geet et?

Dat "Fléiend Spaghetti-Monster", kuerz FSM, ass de Gott oder d'Gëttin vun der Kierch vum Fléiende Spaghetti-Monster - och nach Pastafarianismus genannt ...

Um Samschdeg huet sech dës "Kierch" Statute ginn ... Member kann ee ginn, wann een op d'mannst eemol d'Joer Spaghetti ësst ...

"Kierch vum fléiende Spaghettimonster": Sich no Unerkennung (06.06.2016)
Mat der Chamberpetitioun 666 wëllen d'Membere vun der Kierch vum fléiende Spaghettimonster eng offiziell Unerkennung.


Viru Kuerzem war jo eng Petitioun als recevabel erkläert ginn, déi fuerdert, datt d'Pastafarier zu Lëtzebuerg unerkannt ginn ...

RTL-NEWS: Recevabel, sou Petitiouns-Commissioun - "D’Spaghettimonsterkierch zu Lëtzebuerg soll unerkannt ginn".

... an um 6.6.2016 - also dräimol 6 - ass d'Petitioun online gaangen ...

© Domingos Oliveira


Revirement: "Mir verzichten op Suen, wann och déi aner verzichten"

Nodeems d'Konventiounen tëscht dem Staat an de Reliounsgemeinschaften ënnerdaach an d'Fro vun der Trennung vu Kierch a Staat aus dem Referendum geholl gi war, hat sech déi nei Glawensgemeinschaft 2015 zu Wuert gemellt: Si wollt och Suen aus dem Staatsbeidel. Ëmmerhi 7,5 Milliounen Euro d'Joer. Esou de Wonsch oder d'Fuerderung vun der "Eglise pastafarienne zu Lëtzebuerg" deemools.

Um Sonndeg den Owend dunn huet d'Lëtzebuerger Sektioun vun der Kierch vum fléiende Spaghettimonster matgedeelt, datt si op déi gefuerdert staatlech Ënnerstëtzung verzicht, wann dat och déi aner Kierchen zu Lëtzebuerg maachen.

PDF: Communiqué "PASTA! NO MAMMON! Eng Kloerstellung vun de Pastafarianer."



Hei de Communiqué:

PASTA! NO MAMMON!

D'Lëtzebuerger Sektioun vun der Kierch vum fléiende Spaghettimonster (FSM Lëtzebuerg), och "Pastafarianesch Kierch vu Lëtzebuerg" genannt, huet decidéiert fir op déi d'lescht Joer gefuerdert Finanzéierung vum Staat ze verzichte wann déi aner Reliounen dat och maachen. Fir ze gleewe brauch ee keng Sue vum Steierzueler, an eise Glawen un d'fléiend Spaghettimonster ass sou fest an evident, dass een och ouni Mammon dohinner fënnt.

Fir eis ze ënnerstëtze bei eise weideren Aktiounen, gitt eis Är Stëmm zur Unerkennung vum Pastafarianismus zu Lëtzebuerg an eiser Petitioun Nr. 666:

http://www.chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=714

Jiddereen deen d'Petitioun ënnerschreift huet eng sécher Plaz am pastafarianesche Paradäis voller Béiervulkaner a Stripper(innen)! Dat gouf vum Spaghettimonster bestätegt!

Ramen!

FSM Lëtzebuerg
https://www.facebook.com/groups/fsmlu
http://fsm.lu/



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.