"Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale"Aufgab vu Commemoratioun elo an engem Comité zentraliséiert

D'Deputéiert hunn en Donneschdeg de Mëtteg e „Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“ gestëmmt, just d'ADR war dergéint.

Während des Zweiten Weltkriegs beherbergte die Villa Pauly das Hauptquartier der Gestapo in Luxemburg© GilPe
Zil ass et, fir déi wichteg Aufgab vun der Commemoratioun ze zentraliséieren.

Comité pour la Mémoire: De Reportage vum Annick Goerens.


Dofir gëtt d'Memoire vun der Resistenz an d'Memoire vun der Zwangsrekrutéierung, elo méi wéi 70 Joer nom Zweete Weltkrich endlech beieneegefouert.

Den „Comité directeur pour le Souvenir de la Résistance“ an den „Comité directeur pour le Souvenir de l'Enrôlement forcé“ ginn ofgeschaf an amplaz kënnt also elo den „Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“.
Domat kréich d'Commemoratioun ronderëm den Zweete Weltkrich méi een grousse Poids a wär méi vereenheetlecht, erkläert de Rapporter vum Gesetzprojet, den LSAP-Deputéierten Alex Bodry. D'Regierung ass elo och duerch dat Gesetz gehalen, soubal se eng Initiativ an deem Beräich vun der Erënnerung huelen, dass se da muss en Avis vun deem neie Comité froen. Dee gëtt och gefrot, wat d'Organisatioun vun der "Journée Nationale du Souvenir" ubelaangt.

59 Deputéierten hu gewielt. 56 woren dofir an déi 3 ADR-Deputéierten hunn dergéint gestëmmt. D'CSV huet och fir d'Creatioun vun dësem Comité gestëmmt, obwuel et nach vill oppe Froe géing ginn, seet d'Octavie Modert: "Wéi gëtt d'Erënnerungskultur inhaltlech an thematesch ugepaakt? Perpetréiert a perpetuéiert? Wéi kann ee Sensibiliséierung maachen? Visibilitéit kréien? Wéi eng Aktioune si virgesinn?.... Et ka jo net sinn, dass sech herno alles beschränkt op deen eenzegen Dag oder Datum vun deem nationale Gedenkdag vum 2. Weltkrich an op e Kranz néierleeën."

Baussen un der Entrée vun der Villa Pauly sinn zwou Gedenkplacken ubruecht.© Jwh

D'Villa Pauly an d'Hollerecher Gare sollen doriwwer eraus als wichteg Commemoratioun-Plazen erhale bleiwen, wéi de Premier Minister Xavier Bettel präziséiert: "D'Villa Pauly soll de Lieu central vun der Memoire ginn. Mir wëllen deen Zerwiss do hunn an och, dass déi verschidde Komponente sech do kënnen zeréckfannen. D'Hollerecher Gare kritt e pedagogeschen Aspekt. Déi soll amenagéiert ginn, fir dass Klasse kënnen dohinner goen a gezielt kréien, wat do geschitt ass."

De Comité soll duerno 18 Memberen zielen. 6 dovun aus dem Comité, deen den Zwangsrekrutéierte geduecht huet, 6 aus deem de Resistenzler dediéiert wor a 6 fir Memberen aus der jiddescher Communautéit.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.