VerfassungsreformËffentlech Auditioun um Freideg an der Chamber

Marathon-Reunioun um Freideg an der Chamber, woubäi awer net Gesetzprojeten debattéiert ginn, mä de Projet vun der neier Verfassung.

© Didier Weber / RTL
Am Schwäizer Parlament kenne se dës Form vu Matdiskutéieren a politescher Implikatioun vum Bierger: hei am Land ass et éischter Neiland, op deem sech d'Chamber de ganzen Dag iwwer beweegt: Bierger kruten nämlech d'Méiglechkeet matzeschwätzen iwwert den Text vun der neier Verfassung.

Während 6 Stonnen defiléieren duerfir eng 40 Bierger am Plenum, fir de Membere vun der Institutiounekommissioun hir Iwwerleeungen zum neien Verfassungstext mat op de Wee ze ginn, dat thematesch an a Kapitelen opgedeelt.

Um Freideg de Muere war et den Tour un der Séparatioun vun de Pouvoiren, de Kannerrechter an dem Schutz vun Déieren an dem Patrimoine - de Roy Grotz huet keng passionéiert, mä interessant Diskussiounen suivéiert...

Hearing iwwert d'Verfassung / De Reportage vum Roy Grotz



Woubäi een duerchaus ka mat Passioun un de Verfassungstext erugoen, dat weisen déi vill Text-Proposen, déi och déi lescht Méint iwwert de Site referendum.lu eragereecht goufen.



Et gouf vill op de Chamberbänke changéiert - Momenter souzen eng 4 Leit do, da waren et nees bal 15 Bierger, déi am Plenum waren.

Vill vun de Proposen, déi am Virfeld gemeet goufen, sinn ëm d'Rechter an d'Dignitéit vum Déier gaangen. D'Runa Egilsdottir vun Artists for animals appeléiert un d'Deputéiert. Lëtzebuerg wier kleng, an dat wier e grousse Virdeel. Et kéint ee vill méi séier Ännerunge virhuelen an och méi wäit goen an de Gesetzestexter, wéi di grouss a schwéierfälleg Nopeschlänner. Et misst ee just e bësse Courage weisen, fir beim Déiereschutz eng Virreiderroll ze spillen.

En anere Volet, dee misst seng Plaz an der Verfassung fannen, sinn d'Rechter vum Kand. D'Vertrieder vun der ANCES hunn argumentéiert, datt d'Chamber mat esou engem Schrëtt kéint Geschicht schreiwen. De Charel Schmit schwätzt beim Text vun enger minimalistescher Approche, wou een déi 3 grouss Prinzipie vun de Kannerrechter net géif erëmfannen.

Esouwuel d'Rechter vu Kanner, grad wéi vun Déieren, sollen och textuell an d'Verfassung kommen - dat hunn d'Deputéiert e Freideg de Muere versprach.



Aneren Volet am Verfassungsartikel iwwert de Staat dann: d'Lëtzebuerger Sprooch déi méi misst ervirgehuewe ginn ... identesch Vue fir d'Kultur, déi bis dato guer net an der Constitutioun virkënnt. D'Ada Günther vu Richtung 22 ass der Meenung, dass d'Chamber an d'Lëtzebuerger Politik allgemeng eng immens vague Definitioun vu Kultur als Basis fir hir Aarbecht huelen an domat all konkret Verantwortung evitéieren. Zitéiert gouf an deem Kontext de Guy Arendt, dee gesot hätt: "Kultur ass alles". Wéilt een dann elo "alles" an d'Verfassung mat eran huelen?

Och dem Serge Tonnar läit den transversale Kulturbegrëff um Häerz. Eng Verfassung wou dat Wuert Kultur mol net dra virkënnt, wier fir hien eng ganz traureg Verfassung. D'Kultur wier d'Definitioun vun deem wat mir sinn an den Objektiv vun der Verfassung wier, iwwert eis Kultur ze schwätzen. Alles wat do dra steet wier Deel vun eiser Kultur, sou nach de Serge Tonnar.

De Serge Tonnar iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch



Dësen 1. Verfassungs-Hearing an der Chamber geet nach dee ganzen Nomëtteg weider - da sinn et d'Themefelder Staatsfinanzen an d'Relatioune mat de Glawenscommunautéiten, déi dominéieren. Et dierften interessant Aussoen also gemeet ginn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.