Lëtzebuerger EntreprisenNëmme 7% proposéieren Onlineverkaf

Zu Lëtzebuerg, ass den E-Commerce nach an de Kannerschong, dëst läit awer definitiv net un der Bevëlkerung.

© Carmen Michels/RTL
D'Moyenne vum Onlineverkaf an Europa läit duebel sou héich wéi hei zu Lëtzebuerg. Firwat ass dat esou? Wat ka geännert ginn? An wéi gesäit d'Zukunft am allgemenge fir d'Commerçanten aus? Doriwwer gouf e Mëttwoch op enger Konferenz mam Numm „The Future of Retail“ an der Chamber de Commerce diskutéiert.

Konferenz E-com / Reportage Carmen Michels



An Zukunft wäert et ëmmer méi schwéier ginn, fir sech mat engem klassesche Commerce iwwer Waasser ze halen. Dëse muss sech ëmmer méi op eng digital Strategie aloossen a probéieren sech nei ze erfannen.



Hei zu Lëtzebuerg ass den E-Commerce nach an de Kannerschong, dëst läit awer definitiv net un der Bevëlkerung: 78% vun de Lëtzebuerger kafe Saachen iwwer Internet, mee dës Consommatioun geet zu engem groussen Deel un Firmen am Ausland, wéi zum Beispill Amazon oder Ebay.
D'Gréisst vun eisem Land ass de Problem esou de Jacques Lorang Vizepresident vun der Federatioun fir den E-Commerce. Beim E-Commerce ass een automatesch iwwert der Grenz.

Sou ass ee vun den Haaptproblemer de Versand, also dat wat een drop bezilt wann een eppes an d'Ausland verschéckt. Doduerch wieren d'Lëtzebuerger PMEen staark benodeelegt, esou de President vun E-com Pierre Friob.

Op laang Dauer misst een awer kucken dës zousätzlech Käschten ofzeschafen, iwwerdeems misst awer no enger Zwëscheléisung op nationalem Plang gesicht ginn.
Ee weidere gréissere Problem ass TVA, déi an ganz Europa ënnerschiddlech sinn, hei proposéiert d'E-com ee Mini-Guichet unique ee sougenannte MOSS anzeféieren.

Zousätzlech missten och Méiglechkeete fonnt ginn, d'Entreprise bei hirem digitalen Ëmbau ze ënnerstëtzen an adequat Formatioune fir intresséiert Commerçanten unzebidden.
Esouwuel d'E-com wéi och de President vun der Clc, Fernand Ernster, wéisst sech awer optimistesch a mengt dass Lëtzebuerg de Retard am Verglach zu Europa an Zukunft kann ophuelen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.