GraffitiKonscht verbënnt Residenten a Flüchtlingen

Op Initiativ vun "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" gëtt d'Entrée vum ale Logopädie-Zenter verschéinert.

Warem Faarwen, ee Motiv, dat de Mënsch an Zeen setzt an dat iwwert e puer Meter héich a breet ass. Den Ament schaffen zwee Kënschtler, e Lëtzebuerger an en Iraner, mat Benevolen un engem Bild, wat d'Entrée vum ale Logopädie-Zenter verschéinere soll. Dat Ganzt geschitt op Initiativ vun der Asbl. "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen". Bei der Aktioun geet et drëms, Flüchtlingen an Residente méi no beieneen ze bréngen, een interaktiven Dialog ze kreéieren.

Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen: Rep. Nadine Gautier



Et riicht no Graffitispray virun der Entrée vum Foyer a lues, mä angenehm Musek leeft am Hannergrond, doniewent e Kran, dee souert, op deem en Artist steet a mat Graffitispray lassleet. Zanter e Méinde sinn dës Téin beim ale Logopädiezenter ze héieren, zanter e Méindeg gëtt intensiv un engem risege Portrait geschafft, deen e Freideg fäerdeg soll ginn. D'Motiv: Eng Mamm mat hirem Kand, zwee Refugiéen, déi am Logopäedie-Zenter ënnerbruecht sinn, erkläert den Artiste Raphael Gindt. D'Motiv wier flott a géif déi nei Generatioun symboliséieren an och u Maria mam Jesus erënneren ...

D'Asbl. "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" ass un de Lëtzebuerger Kënschtler Raphael Gindt erugetruede fir dës Aktioun. Hien huet sech du mam Iraner Talbot Avazpour zesummegedon, fir déi meterhéich trist Bëtongsmauer an der Entrée vum Foyer ze sprayen. Den Talbot ass en iranesche Flüchtling, deen och do wunnt ... e Graffitikënschtler ...

Déi lescht dräi Deeg konnten och Fräiwëlleger eng Hand mat upaken, z.B. Jonker vum Jugendhaus.

"D'Begeeschterung fir esou e Projet ass och bei de Flüchtlingen am Foyer ze spieren", esou de Raphael Gindt. Eng Rei géife stoe bleiwen, an eng Hand mat upaken. An dann och hir deels tragesch Geschicht verzielen.



L'association pour le dialogue interculturel "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" est en train de réaliser un projet participatif de graffiti dans la structure d'accueil à l'ancien Centre de Logopédie géré par la Croix Rouge. Les artistes luxembourgeois Raphael Gindt et iranien Talbot Avazpour créent une fresque sur le mur d'entrée, portrait d'une femme réfugiée et sa fille. Ils réalisent cette oeuvre avec l'aide de réfugiés et résidents luxembourgeois.