Gelongene CampFënnef Flüchtlingskanner ware mam SNJ zu Ierpeldeng

Souwuel fir all d'Kanner, wéi och fir d'Organisatioun, war et eng gelongen Iddi.

© RTL Radio Lëtzebuerg/Claudia Kollwelter

Beim SNJ Camp, deen all Joer zu Ierpeldeng ass, gëtt et dëst Joer eng Première. Ënnert de 90 Kanner, déi tëscht 13 an 16 Joer hunn, sinn och 5 Flüchtlingskanner. Zesumme mam OLAI ass gekuckt ginn, wéi dat ganzt kéint oflafen. Bei de Virbereedungen ass vill no der Sprooch gekuckt ginn, wéi eng Kanner a Fro kéime fir mat an d'Kolonie, fir dat si sech och kënne mat den aneren Kanner verstännegen. An d'Sprooch hat och am Ufank deem een oder anere Suerge gemaach, dat awer ouni Grond.

Flüchtlingskanner beim SNJ / Reportage Claudia Kollwelter

Wëll d'Sprooch ka jo awer mol ënnert de Kanner eng Barrière sinn. De Kevin Schneider, Responsabel um Camp zu Ierpeldeng, ass awer begeeschtert, datt et guer net esou war. D'Kanner hu sech immens gutt integréiert an och d'Lëtzebuerger Kanner hu vill Kontakt mat hinnen opgeholl. Et gouf keng 2 Gruppen, et waren einfach nëmme Kanner, Jonker, d'Natioun war egal.

De 14 Joer ale Osama ass immens frou um Camp a wëll beim nächsten och rëm dobäi sinn. En huet sech fir d'nächst Joer och schonn eppes virgeholl. Wann hien dat nächst Joer erëm kënnt, wëll hien och Lëtzebuergesch kënnen an dofir elo vill Efforte maachen, well et eng schéi Sprooch ass. Hie war Frou um Camp, well en do vill Frënn fonnt huet. Fir hien am flottste war et awer, fir am Bësch ze schlofen.

D'Atmosphär am Grupp vun den 3 Flüchtlingsjongen ass immens gutt. An och fir d'Jugendlech, déi schonn zanter puer Jore beim Camp dobäi sinn, wéi de 16 Joer ale Jules, ass et eng flott nei Erfahrung. Hien huet d'Jonge ganz fein fonnt a huet se gelueft, well si esou séier geléiert hunn. Et huet ee sech géigesäiteg Wierder aus der anerer Sprooch bäibruecht.

Et war eng Iddi di fir d'Éischt opgebaut ginn ass, mä och nach ausgebaut wäert ginn, well se fir d'Kanner an och d'Responsabel wierklech gelongen a flott ass.