Fondatioun "Kriibskrank Kanner" Campagne "Go Gold" fir Solidaritéit mat kriibskranke Kanner

De September steet weltwäit am Zeeche vum Kriibs bei de Kanner.

Go Gold/Reportage Dany Rasqué



Et ass déi déidlechst Krankheet fir Kanner an all Joer stierwen a ganz Europa eng 6.000 jonk Patienten dodrunner. Zu Lëtzebuerg begleet d'Fondatioun "Kriibskrank Kanner" den Ament 190 Famillen. An 80 Prozent vun de Fäll hunn déi kleng Butze Kriibs an 20 Prozent eng rare Krankheet.

Den nächste Mount gëtt mat der Campagne "Go Gold" op hiert Schicksal opmierksam gemeet. "Go Gold" ass eng international Campagne, déi et schonn zënter e puer Joer gëtt an an den USA lancéiert gouf.

Op der ganzer Welt gi Gebaier während dem September a gëllener Faarf beliicht. Lëtzebuerg huet lescht Joer eng éischte Kéier matgemaach, allerdéngs ouni datt d'Gebaier beliicht goufen. Dat ass dëst Joer fir d'éischt. D'Fondatioun Kriibskrank Kanner huet déi responsabel vun 700 Gebaier ugeschriwwen a gefrot solidaresch ze sinn, bis elo koumen eng 30 positiv Äntwerten, dorënner d'Philharmonie, d'Nationalbibliothéik an d'Stater Gemeng, ma och Iechternach, Schengen a Maacher. Déi komplett Lëscht fënnt een vum éischte September un um Internetsite ënnert fondatioun.lu.

Fir sech solidaresch ze weisen, kann een elo déi Gebaier kucke goen, ma et gëtt awer och nach eng aner Méiglechkeet. Et kann een och de gëllene "Ribbon" droen, deen et schonn a 50 Butteker an der Stad gratis disponibel ass. Et kritt een en an de Gebaier, déi matmaachen oder et kann ee sech un d'Fondatioun riichten.

De 16.September gëtt dann eng Seance academique zu Éieren vun all deene Famillen organiséiert, déi mat enger schwéierer oder rarer Krankheet ze kämpfen hunn. D'Familljen, déi do sinn, kréien bei där Geleeënheet och e Buch iwwerreecht mat Solidaritéitsmessagen, déi während der Campagne zejoert gesammelt goufen.