ACEL feiert RentréeGratis ëffentlechen Transport fir Studente gefuerdert

D'ACEL, de Cercle vun de Lëtzebuerger Studentenorganisatiounen, huet um Méinden op enger Pressekonferenz ë.a. de neie Guide du Futur Étudiant presentéiert.

ACEL: Gratis Transport fir Studente gefuerdert (12.09.2016)
Genee wéi d'Schüler, hunn och d'Studente kee fest Akommes. Dofir fuerdert d'ACEL, datt den ëffentlechen Transport gratis fir Studente soll sinn.

Laurent Heyder, Vizepresident ACEL

Dëse Guide ass eng wichteg Hëllefstellung fir vill Schüler bei der Sich no der passender Universitéit fir de Studium. Bei de politeschen Dossieren zitt ee virop ee positive Bilan bei der Reform vun de Studiebäihellefen, et géif ee weider um Dossier schaffen a regelméisseg Evaluatioune maachen. Dës Weideren ass et eng Iddi eng Chambre des Etudiants anzeféieren, Spréch eng gewielte Vertriedung vu Studente, déi vis-à-vis vun der Politik d'Interesse vun de Studente vertrieden.


Fir déi ronn 17.000 Résidentstudenten fuerdert d'ACEL, datt den ëffentlechen Transport fir d'Studente gratis gëtt. Hei wier een a Gespréicher mat der Regierung.

Den Tournoi de Noël ass dëst Joer de 27.  an den 28. Dezember.