Acel2 Studenteguiden: Fir Studenten a fir Diploméierter

Eng Rëtsch Lycées-Schüler wëssen net, wou se no hirem Ofschloss wëlle studéiere goen.

ACEL: Gratis Transport fir Studente gefuerdert (12.09.2016)
Genee wéi d'Schüler, hunn och d'Studente kee fest Akommes. Dofir fuerdert d'ACEL, datt den ëffentlechen Transport gratis fir Studente soll sinn.

Laurent Heyder, Vizepresident ACEL

Fir dëst ze vereinfachen, huet d’Acel elo een neie Guide erausbruecht fir deene Concernéierten 43 Studentestied méi no ze bréngen. “Den Echange tëscht de Studente wier e wichtege Facteur”, ënnersträicht de President vun der Acel, Laurent Cattarinussi. Nieft, der Aschreiwungsprozedur kritt een hei och Informatiounen iwwert Studenteliewen. Ma déi Responsabel hunn awer och nach een zweeten Guide presentéiert, nämlech ee fir Diploméierter.

Zenter 1999 gëtt et e schonn, de "Guide du Futur Diplomé". Ma elo kritt een een och op Lëtzebuergesch, esou de President vun der ACEL, Laurent Cattarinussi. Dee riicht sech u Studenten, déi geschwënn ufänken ze schaffen an u Schüler, déi ee Vakanzestage sichen. Et gëtt Infoen iwwert d'CV-Schreiwen, iwwer Behuelen am Job-Interview oder iwwer Assurancen beim Start an d'Aarbechtsliewen. D’Brochure fënnt een an de Spuerkeess Agencen, esou ewéi och op der Studentefoire, déi Ufank November organiséiert gëtt.

Nieft deenen zwee Studenteguiden, hätt een awer och wëlles, mat der Aktioun "Student fir een Dag" z’iwwerzeegen. Dës Initiative, an där Reesen an 10 Studentestied ugebueden ginn, hat 2015 e grousse Succès mat net manner ewéi 300 Participatiounen. Aus dem Grond wäert d’Aktioun dann och d’nächst Joer der Ouschtervakanz erëm ugebueden ginn.

D’Acel wëll an Zukunft dann och, dat Studenten gratis vum ëffentlechen Transport kënne profitéieren. Aus dem Grond sinn déi Responsabel Enn Juli zesummen komm, fir mam Nohaltegkeetsminister François Bausch an deem Educatiounsminister Claude Meisch, driwwer ze diskutéieren. D'Verhandlunge lafen nach.

Et erhofft ee sech, dat de Service esou séier ewéi méiglech agefouert gëtt. Mat deem Service giff een dann och déi fix Käschten vun de Studenten erofdrécken, esou de Laurent Cattarinussi.


D’Acel bléckt awer och positiv op de Studentebal zeréck, wou 4.000 Visiteure duerch d’Keesen passéiert sinn a net manner ewéi 33 Studentencercelen op deenen 14 Iess-a Gedrénksstänn gehollef hunn.An der Chrëschtvakanz organiséiert d’ACEL dann och e Football- a Baskettournoi tëscht deene sëlleche Cerclen um Campus Geesseknäppchen.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.