"Deutsche Flugsicherung"Auslagerung Fluchsécherung: Alternativ Propose um Dësch!

Den Nohaltegkeetsminister François Bausch war mat enger Delegatioun déi däitsch Fluchsécherheet DFS op Langen an Hessen besichen. - Reportage op der Tëlee.

Den Infrastrukturminister François Bausch hat d'Chamberdeputéiert an d'Presse invitéiert, fir um Mëttwoch zesummen d'"Deutsche Flugsicherung" (DFS) zu Langen bei Frankfurt ze besichen.

Zanter e puer Méint existéiert jo e Projet, fir Deeler vun der Kontroll iwwert de Lëtzebuerger Loftraum un auslännesch Fluchlotsen auszelageren.

Nei Propose fir d'Fluchsécherung (14.09.2016)
De François Bausch war d'Deutsche Flugsicherung besichen. Do gouf et eng nei Propose. D'Approche soll um Findel bleiwen, DFS wier just fir Technik responsabel.


Nodeems den Direkter vun der DFS virun engem Mount an der Chamber war, ass d'Visite vum Mëttwoch den nächste Schrëtt vum Minister senger Iwwerzeegungsaarbecht, de Projet gëtt nämlech ganz kontrovers diskutéiert.

Déi Lénk souzen e Mëttwoch net am Bus Richtung Langen, den David Wagner vun Déi Lénk erkläert firwat: "Mir hunn net den Androck, datt d'Regierung mat oppene Kaarten spillt." Et hätt een den Androck, d'Regierung wéilt engem onbedéngt eng Delokaliséierung verkafen an op esou een Theater hätt ee keng Loscht.

Den David Wagner



An och d'CSV war net mat op d'Visite, de Serge Wilmes seet, den Direkter vun der DFS wier jo virun engem Mount hei gewiescht an hätt all d'Froe gestallt kritt, ma d'Äntwerte wieren net zefriddestellend gewiescht an et wier een als CSV dann och net iwwerzeegt dovun, de Contrôle Radar auszelageren. Dofir hätt een op déi Promotiounstour verzicht.

De Serge Wilmes



De Minister Bausch sot zu Langen, e géif et bizarre fannen, dass net déi ganz Chamber bei der Visite dobäi war, schliisslech wier eng alternative Propose presentéiert an diskutéiert ginn. Deen nei Virschlag gesäit vir, datt d‘Approche zu Lëtzebuerg géing bleiwen, d'Deutsche Flugsicherung wier just fir d'Technik, d'Iwwerwaachung vun der Technik an d'Formatioun vun den Fluchlotsen responsabel. Ma och di initial Propose, fir d'Approche op Langen ze verleeën, bleift weider bestoen. An den nächste Wochen wëll de Francois Bausch den neien Virschlag de Fluchlotsegewerkschaften presentéieren.

© DFS Deutsche Flugsicherung GmbH


Duerch d'Auslagerung géing ee méi Flexibilitéit gewannen, seet den Minister. D'Associatioun vun de lëtzebuergesche Linne-Pilote seet, datt éischter de Contraire de Fall wäert sinn an och d'Fluchlotse selwer gesinn d’Iddi éischter skeptesch.

Nom Flughafe vu London-Gatwick iwwerhëlt d'Deutsche Flugsicherung elo och d'Tower- an Approchëkontroll vun deem zu Edinburgh a Schottland. Zu Langen wär en entspriechende Vertrag ënnerschriwwe ginn, huet d'däitsch Flugsécherung e Freiden de Moie matgedeelt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.