Uni um BelvalAktuell eng Atmosphär wéi um Fluchhafen a kee Campusliewen

Dofir sicht een um Belval no Solutiounen, fir en nohaltege Campus op d'Been ze stellen.

E Fluchhafen-Terminal amplaz vun enger Uni: séier eran a séier nees raus. Eng Approche, déi vill Studenten op der Universitéit zu Lëtzebuerg hunn. Den Campus zu Belval ass hei mat am déckste geplot a sicht no Solutiounen, fir en nohaltege Campus op d'Been ze stëllen.

Sécher keng einfach Missioun.

Ambiance op der Uni: De Reportage vum Tim Morizet



Virun engem gudde Joer koum mam Startschoss vun der Universitéit um Belval, d'Hoffnung vun enger neier Ära vu Studente-Wiesen zu Lëtzebuerg. Den Internet voll mat Selfie vu motivéierte Student virun den Héichiewen. 9 Méint méi spéit ass een zeréck an der Realitéit.

Eng Zone industrielle, déi mat neiem Liewe gefëllt sollt ginn, ass nach ëmmer eidel. Studenten, déi d'Uni besichen, sinn net motivéiert nom Schluss vum Cours ze bleiwen.

Et géifen zwar puer Alternativen ausserhalb vum Campus um Belval ginn, fir Zäit ze verbréngen. Dës wieren awer net wierklech aluedend fir d'Studenten. Oft ze deier an d'Atmosphäre déi nämmlecht, ewéi an der Maison du Savoir. Ofschalte kann een nëmme schwéier um Belval.

Duerchgeplangt a finaliséiert vu Leit, déi dat Wichtegst vergiess hunn. An zwar, datt d'Gebaier an de Site vun der Uni an der Avenue de l'Université net hinne gehéieren, mä deenen, déi do schaffen a léieren. Dausende vu Studenten, Fuerscher, Professeren, an all déi Leit, déi dofir Suergen, datt moies d'Luuchten uginn.

Ma d'Zeeche stinn awer gutt, datt no der Rentrée d'lescht Woch, d'Kommunikatioun tëschent den eenzele Partien dëst Joer besser fonctionnéiert. A vläicht souguer en éischt Gefill vu Campusliewen opkënnt.

De Fond Belval wier dacks als "Buhmann" dohi gestallt ginn. Dëst wier awer sécher net méi den Fall, erkläert de Claude Ewert vun der Organisatioun "Belval est a Nous".

Mat 3.000 Schüler sinn d'Korridore scho gutt gefëllt. De Sozialisatiounsprozess um Belval evoluéiert sech och lues awer sécher an déi richteg Direktioun.

D'Universitéit zu Lëtzebuerg ass sécher keen einfache Projet. Et muss Jiddereen Hand mat uleeën.