10 Joer schonnErënnerung un den Zuchaccident vu Zoufftgen

Den 11. Oktober 2006 ware 6 Leit gestuerwen, wéi zwee Zich aneneegeknuppt waren. Op der Plaz gouf en Dënschdeg un d'Affer vun deemools erënnert.

10 Joer Zuchaccident Zoufftgen (11.10.2016)
Den 11. Oktober 2006 ware 6 Leit gestuerwen, wéi zwee Zich aneneegeknuppt waren. Op der Plaz gouf en Dënschdeg un d'Affer vun deemools erënnert.


Zu Zoufftgen op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz ware jo den 11. Oktober 2006 géint 11.45 Auer e Persounenzuch an e Gidderzuch kollidéiert. Eng Lëtzebuerger Automotrice vun den CFL an e franséische Gidderzuch vun der Verbindung Basel-Beetebuerg.

Deen dramatesche Bilan: 6 Doudeger, dorënner 2 Lëtzebuerger a 4 Fransousen; ënnert hinnen de Maschinist an en Aarbechter, deen op dem gespaarte Gleis geschafft huet. Ausserdeem ee schwéier a 15 méi liicht Blesséierter.

FOTOGALERIE: Den Zuchaccident (Archivbiller)



Zimlech séier nom Ongléck sollt sech erausstellen, dass et op Lëtzebuerger Säit zu Feeler komm war.

Nëmmen 4 Deeg nom Ongléck – de 15. Oktober 2006  hat den deemolegen CFL-Generaldirekter Alex Kremer vun engem mënschleche Feeler geschwat. Am Stellwierk zu Beetebuerg hätt de Lëtzebuerger Persounenzuch d'Erlaabnis kritt, iwwert eng rout Luucht ze fueren - dat hätt awer net däerfe geschéien.



Natierlech hat deen trageschen Accident e juristescht Nospill. De Feeler vun der Kollisioun hätt bei 4 CFL-Beamte geleeën, war an éischter Instanz festgehale ginn. No deem Uerteel goungen 3 CFL-Beamten an Appell.

De Fahrdienstleiter, deen deemools de fatalen Ordre écrit erausginn hat, deen derzou gefouert huet, datt zwee Zich um selwechte Gleis ënnerwee waren, an den Annonceur kruten do manner héich Strofe wéi an 1. Instanz, dat heescht 6 Méint feste Prisong an eng Geldstrof vun allkéiers 5.000 €; am 1. Prozess ware si zu zwee Joer, respektiv 46 Méint festem Prisong veruerteelt ginn.

De Chef de circulation vun der Moiesschicht, deen an 1. Instanz 6 Méint Prisong mat Sursis kritt hat, koum am Appell ouni Prisongsstrof dovun, muss awer och 5.000 € bezuelen.

D’Parties civilen hunn iwwerdeems an engem 1. Volet am Ganzen 105.000 € zougesprach kritt.

© RTL Télé Lëtzebuerg - Domingos Oliveira