Fräi Ökologesch Demokratesch ParteiEnergie duerch Goen oder Fuere produzéieren

D'FÖDP huet an engem Communiqué d'Konzept vu Buedemplacke proposéiert, déi Energie produzéieren, wa Leit driwwer ginn oder Gefierer driwwer fueren.

Eng Partei an de Kannerschong, et gëtt se eréischt zanter zwee Méint, proposéiert eng Iddi vun der alternativer nohalteger Energie. Ma Detailer kann och si nach net ginn. Rieds ass vun der FÖDP, der fräier Ökologescher Demokratescher Partei. Déi huet an engem Communiqué d’Konzept vun Buedemplacken an d’Spill bruecht, déi Energie produzéieren, wann een driwwer geet oder fiert.

Propose FÖDP / Reportage Guy Kaiser



Dat Konzept soll zu Esch ëmgesat ginn, ass et d’Fuerderung vun der FÖDP. D’Iddi wier an Holland entwéckelt ginn, a wier och schonn an enger Stad, wéi Paräis realiséiert ginn, erkläert de Ronald Mordiconi. Et kann een Energie notzen, déi souzesoe gratis hiergestallt gëtt. Déi Placke kommen op de Buedem a setzen Energie fräi, wann een driwwer geet oder fiert. Déi Energie kann an enger Batterie ofgespäichert ginn a ka benotzt ginn, wéini ee wëll.

D’Beliichtung kéint esou finanzéiert ginn. Wat dee ganze Spaass awer elo kascht, oder wat een iwwerhaapt domadder aspuere kann, konnt de President vun der FÖDP net beäntweren. Just esouvill, wann eng Persoun op esou eng Plack géif trëppelen, kéinten bis zu 12 Watt generéiert ginn. Ee Bréif mam Konzept gouf dann och schonn un d’Buergermeeschtesch Vera Spautz geschéckt, bis elo nach ouni Äntwert.

D’Energie ökologesch notzen. Eng Partei déi dofir steet, gëtt et jo schonns: Déi Gréng. Wat ass dann den Ënnerscheed tëscht der Traditiounspartei an der FÖDP. Do wëll de President elo net ze vill an Detail goen, ma si sinn éischter alternativ gréng, well een och Leit aus der enger oder anerer Partei nach dobäi huet, déi net ganz mat deem d'Accord sinn, wat an den anere Parteien ofleeft.

D’nächst Joer wëll d’FÖDP, déi et zanter dem 2. September gëtt, méi op d’Visibilitéit vun der Partei setzen, an dann och de Programm virstellen. Bis elo war si nach net visibel, haaptsächlech, well ee wollt waarden, bis d'Partei offiziell gegrënnt gouf.

Den Ament huet d’Partei 10 Memberen.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.