FréisengEng Persoun bei Accident tëscht Auto a Moto verwonnt

An der Robert-Schuman-Strooss zu Fréiseng ass et e Sonnden de Mëtten zu engem Accident komm.

© Pompjeeën Uespelt

Géint 16.30 Auer ware en Auto an e Moto do anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Op der Plaz war d'Ambulanz vu Beetebuerg, d'Pompjeeë vu Fréiseng a vun Uespelt an d'Police.

Zwee Blesséierter gouf et bei engem Accident e Sonndeg den Owend géint 21.15 Auer op der Areler Autobunn tëscht Stengefort an dem Gaasperecher Kräiz. Wéi den 112 mellt, waren direkt e puer Autoen aneneegerannt.