Kuckt de Film vun Info-Handicap"Behënnert sinn a schaffen, geet dat?"

Den 3. Dezember ass den Internationalen Dag vu Leit mat enger Behënnerung. Info-Handicap huet deen Dag hei am Land ënnert de Slogan "Modes d’Emploi" gesat.

Film: Behënnert sinn a schaffen, geet dat? (03.12.2016)
Den 3. Dezember ass den Internationalen Dag vu Leit mat enger Behënnerung. Info Handicap huet deen Dag hei am Land ënnert de Slogan "Modes d’Emploi" gesat.
Dobäi geet et virun allem ëm d’Integratioun vu behënnerte Leit um Aarbechtsmarché. Firwat ass et fir déi Betraffe wichteg eng Aarbecht ze hunn? Wat si méiglech Erausfuerderungen a Problemer? Firwat kann et fir e Patron eng Chance sinn, Leit trotz engem Handicap z’engagéieren?

AMCIS, e Club vun Amateurfilmer, huet zesumme mat Info Handicap en Documentaire iwwert d’Inklusioun um Aarbechtsmarché realiséiert. Am Film "Behënnert sinn a schaffen, geet dat?" gi Leit mat enger Behënnerung op hirer Aarbechtsplaz suivéiert, an déi Responsabel vu spezialiséierten Atelieren zu Lëtzebuerg kommen zu Wuert.

Interview mam Very Bintener vun Info-Handicap
Froe vum Claude Zeimetz



"Wann d'Patrone selwer sech net beweegen, da funktionéiert et net", seet d'Vera Bintener vun Info-Handicap am Kontext vum internationalen Dag vun de Leit mat enger Behënnerung am RTL-Interview. Zu Lëtzebuerg bleift et fir eng Persoun mat engem Handicap nach ëmmer ganz schwéier, fir um éischten Aarbechtsmarché Fouss ze faassen. Duerfir hunn déi Responsabel vun Info-Handicap sech virgeholl, d'Betriber verstäerkt ze sensibiliséieren.

Problemer géif et haut engersäits bei Leit mat enger Behënnerung, deenen hire Besoinen net genuch Rechnung gedroe géif, respektiv déi souguer gemobbt ginn, sou d'Coordinatrice bei Info-Handicap. Op där anerer Säit géifen och vill Persoune guer net de Sprong op den éischten Aarbechtsmarché packen an dowéinst an den Ateliers protégés hänke bleiwen.

D'Vera Bintener féiert dat op Beréierungsängscht a besonnesch vill Onwëssenheet zeréck. D'Patrone géifen dacks net genuch Bescheed wëssen iwwert d'Ënnerstëtzung, déi si ze gutt hunn. An engems fuerdert déi Responsabel vun Info-Handicap, datt d'Prozeduren duerfir missten acceléiert ginn.

Fir weider ze komme missten awer och déi gesetzlech virgeschriwwe Quoten effektiv um Terrain agehal an agefuerdert ginn, sou d'Vera Bintener. D'Politik hätt bis elo awer nach keng Sanktiounen ageklot. Do misst ee sech froen, firwat d'Quoten iwwerhaapt am Gesetz dra stinn, sou d'Coordinatrice vun Info-Handicap.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.