E Freideg an e Samschdeg5. Researchers’ Days: 1.500 Schüler an der Rockhal

Eng 1 500 Schüler aus Lycéën aus dem ganze Land hu sech iwwer déi verschidde Fuerschungsberäicher zu Lëtzebuerg informéiert.

5. Researchers’ Days (02.12.2016)
Fir déi 5. Kéier ginn um Freideg a Samschdeg an der Rockhal d’ Researchers’ Days organiséiert.


Virop geet et dorëms, Jonker fir d’Wëssenschaften ze begeeschteren, ma och fir d’Fuerscher dozou ze bewegen, fir no baussen ze weisen wéi se schaffen.

Vu Physik iwwer Chimie, ma och d’Human-Wëssenschaftler weisen zu Belval, wéi se schaffen.

De Luxembourg Science Center ass mat engem grousse Stand vertrueden, wou et em d’Gravitéit, wou eng Partie interessant Experimenter fir Kleng a Grouss gewise ginn, ewéi dëst vum Guillaume Trapp.

Experiment vum Guillaume Trapp (02.12.2016)
.


Um Samschdeg ass tëscht 10 an 18 Auer d’ Rockhal fir all Interesséiert op. Den Entrée ass fräi, weider Infoen fënnt een ënnert www.researcherdays.lu



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.