CGFPWolff fir Haag an Heiliger fir Wolff?

Den Emile Haag gëtt Presidence no 30 Joer of. Eenzege Kandidat op seng Successioun ass bis elo den aktuelle Generalsekretär Romain Wolff ...

De Steve Heiliger, Pressespriecher vun der CGFP
Sollt de Romain Wolff an där Funktioun e Méindeg um Comité fédéral gewielt ginn, géif dat bedeiten, datt de Poste vum Generalsekretär nei ze besetzen ass.

Do ass eisen Informatiounen no de Pressespriecher Steve Heiliger Kandidat, an zwar als Vertrieder vun der Association des employés de l’Etat.

Ob et bei dëser eenzeger Kandidatur bleift, ass ofzewaarden. Um Comité fédéral e Méindeg musse souwisou eng ganz Partie Mandater erneiert ginn.

Den Emile Haag© Christof Weber


Um Méindeg den Owend op der Conférence des comités vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, op där eng 350 Leit waren, huet den Emile Haag säi Réckzuch annoncéiert.

CGFP: De Reportage vum Roy Grotz.



Den nächste Méindeg um Comité fédéral soll iwwer en Nofolger decidéiert ginn.

Den Emile Haag, lénks, an de Romain Wolff.© Jeannot Meyers - RTL Télé Lëtzebuerg


Eenzege Kandidat ass bis elo den aktuelle Generalsekretär vun der CGFP, Romain Wolff.

Den Emile Haag, Joergang 1942, fréiere Geschichtsproff a fréieren Direkter vum Kolléisch, stoung 30 Joer, zanter 1987, un der Spëtzt vun der CGFP.



Den "Accord salarial" war iwwregens kee grousse Sujet op der CGFP-Versammlung ...

Unanime gouf iwwerdeem vun de ronn 350 Staatsbeamten, déi zu Dummeldeng präsent waren, eng Resolutioun guttgeheescht, an där ë.a. op zwou Plaze vun der Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sproch rieds geet.

Gepocht gëtt och op de Sozialdialog, mä och drop, datt beim Ëmsetze vun de Mesuren aus der Rifkin-Etude de soziale Volet net dierft vergiess ginn.

Staat: Gehälteraccord ënnerschriwwen (05.12.2016)
Den zoustännegen Minister Kersch an d'CGFP hunn haut en Gehälteraccord ënnerschriwen. Ë.a. ass eng Prime Unique vun 1% vum Joresgehalt vun 2016 virgesinn.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.