"Lügen haben kurze Beine"Accident mat 2 Gefierer um Rouscht - 1 Chauffeur leeft fort

E Méinden de Moie kuerz no 7 Auer ass et um Rouscht zu engem Accident komm.

© Domingos Oliveira / RTL Télé Lëtzebuerg
Op der Kräizung beim Miwwelgeschäft ass et zu enger frontaler Kollisioun tëscht 2 Autoe komm.

Wéi d'Police op d'Plaz koum, hat ee vun den Automobiliste sech duerch d'Bascht gemaach. Si hunn d'Pabeieren vum Won iwwerpréift a festgestallt, datt en net ugemellt war.

D'Beamten hunn de Mann per Telefon informéiert, deen huet du gesot e wär elo just mam Bus op senger Aarbechtsplaz ukomm. Weider sot de Chauffeur, datt säin Auto doheem an der Garage géing stoen. Wat awer net d'Wourecht sollt sinn. De Mann huet sech a sengen eegenen Aussoe verstréckt an der Police du gestanen, datt hien ouni Führerschäin gefuer ass a säin Auto net richteg ugemellt an net verséchert wär.

De Parquet gouf informéiert, dee wollt den Auto beschlagnahmen, ma de Proprietär huet fräiwëlleg drop verzicht.

De Chauffeur vun deem anere Gefier koum fir eng Kontroll an d'Spidol.