Vun Abriecher iwwerraschtDokter späert sech an der Toilette an a rifft ëm Hëllef

Um Boulevard Charles Simonis an der Stad gouf en Dënschdeg an der Mëttesstonn an enger Praxis agebrach.

Wéi d'Police schreift, goufen d'Gangster vum Dokter iwwerrascht, dee grad vun der Toilette koum. si hunn de Mann no hanne gestouss, dee sech doropshin op der Toilette agespaart huet an aus der Fënster no Hëllef geruff. Eng Passantin huet d'Police geruff.

Déi Onéierlech hunn e Schaaf mat Dossieren duerchsicht a sech dunn duerch d'Bascht gemaach.