Engem Réi ausgewachTëscht der Fiels a Miedernach frontal mat Bam kollidéiert

E Freideg de Moie géint 04.55 Auer krut eng Automobilistin tëscht der Fiels a Miedernach e Bam frontal mat sengem Won ze paken.

© CI Larochette

D'Fra huet engem Réi missen auswäichen, dat iwwer d'Strooss gelaf war, an ass doropshin frontal an ee Bam gerannt.

D'Automobilistin gouf blesséiert.

Op der Plaz waren d'Ambulanz an de Sauvetage Fiels, zesumme mat der Police vu Miersch.

© CI Larochette


Den 112 mellt am Lokalen nach 2 aner Accidenter vun en Donneschdeg op e Freideg, mat all Kéiers engem Blesséierten. Um 17.30 Auer waren op der A13 zwee Autoen aneneegerannt. Um 02.23 Auer war een Auto tëscht Useldeng a Béiwen un der Attert an ee Gruef gerannt.

Am Lokale sinn um Freideg zu Jonglënster zwee Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.