StatecWéi evoluéiere Wirtschaft a Populatioun bis 2060?

Wat no 2030 geschitt ass total oppen, seet de Statec, a validéiert d'Projektiounen, déi Eurostat fir de Grand-Duché gemaach huet, net onbedéngt.

De Problem wier d'Methodologie, déi demografesch Approche vum europäesche Statistikbüro wier fir Lëtzebuerg net adequat, fënnt de Statec Direkter, Serge Allegrezza. Dofir goufe vu Lëtzebuerger Säit aus elo eege Projektioune publizéiert, déi d'Migratiounsfluxë besser berücksichtegen.

De Serge Allegrezza (Extrait 1)



Bis 2030 gëtt sech op e potentielle Wirtschaftswuesstem vu ronn 3% baséiert, alles wat dono kënnt ass schwéier soen an et si keng konkret Previsioune méi méiglech, mä ebe just nach Projektioune mat Zeenarien. Eis Populatioun wiisst haaptsächlech duerch d'Immigratioun, besonnesch duerch d'Attraktivitéit an d'Kompetitivitéit vun eisem Land.

De Serge Allegrezza (Extrait 2)



De Statec zeechent 4 där Zeenarien. Ee vun dëse gesäit zum Beispill eng Croissance vun 0% vir, en aneren e Wuesstem vu 4,5%. Op Basis heivunner variéieren dann d'Parametere "Produktivitéit", "Attraktivitéit vun de Salairen", "Immigratioun a Frontalieren", "Solde migratoire", sou wéi "Total vun der Populatioun".

De verschiddenen Zeenarie no, kéinten 2060 tëscht enger Millioun an 1,2 Millioune Leit am Grand-Duché liewen. Beim Zeenario vu 4,5 % géifen et zu Lëtzebuerg zum Beispill ronn 870'000 Aarbechtsplaze ginn, déi ronn zur Halschent vu Frontaliere besat wieren.

Ma trotz 4,5% Wuesstem géing d'Populatioun net méi sou séier wuessen ewéi haut, seet de François Peltier vum Statec.

Wéi et wierklech wäert goen a wéi een Szenario am realisteschsten ass, dat wier fir d'Zäit no 2030 wierklech schwéier soen, seet de Statec-Direkter Serge Allegrezza. D'Zukunft wier oppen.

D'Zukunfsvisioune vun der Rifkin-Etude hätte fir dës Projektiounen iwwregens net kënne berücksichtegt ginn, heescht et nach vum Statec.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.