13 nei PetitiounenEraus aus dem Beruffstrafic: Lycée soll méi spéit ufänken

Weider gëtt gefuerdert, datt de Pappe-Congé och direkt fir d'Fonction publique soll gëllen an datt de ganzen Autobunnsreseau beliicht gëtt.

Um Site vun der Chamber sinn vun dësem Mëttwoch un 13 nei Petitiounen ze fannen, fir déi een elo bis de 17. Januar Zäit huet, fir se z'ënnerschreiwen.

Ënnert anerem geet et ëm eng Fuerderung, dass d’Lycéeën am Land eng Stonn méi spéit wéi bis ewell sollen ufänken, fir dass d’Schüler net méi am Beruffstrafic blockéiert sinn.

Eng aner wëll, dass d’Mesure vum Nohaltegkeetsminister, fir d’Luuchten op den Autobunnen plazeweis ewech ze huelen, réckgängeg gemaach gëtt, an de kompletten Autobunnsreseau nees beliicht gëtt.

An nach eng weider fuerdert, dass de Pappe-Congé, deen am Privat-Secteur op de 1. Januar 2018 op 10 Deeg verlängert gëtt, och fir d’Fonction publique soll gëllen.

Fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt, brauch eng Petitioun jo op d’mannst 4.500 Signatairen. Zanter der Creatioun vun dëser Demarche am Mäerz 2014 koum et schonns zu 22 esou Debatten.

Treize nouvelles pétitions ouvertes à la signature


Depuis ce mercredi matin, 6 décembre, et jusqu’au 17 janvier, [13] nouvelles pétitions sont ouvertes à la signature sur le site de la Chambre des Députés. Il s’agit des pétitions suivantes: 

  • Egalité de droits pour les élèves des Ecoles Européennes du Luxembourg 877
  • Einführung einer Freizeitlärm - Richtlinie in Luxemburg Damit gemeint sind nicht die Sportanlagen, Gaststätten oder Kinderspielplätze, sondern Life-Musik Darbietungen, Rockmusikdarbietungen, Freilichtbühnen und ähnliches 884

  • Prise en charge du traitement ostéopathique par la CNS 885

  • Instaurer une démocratie participative au Luxembourg 892

  • Faire participer les citoyens à la répartition des budgets des différents ministères 893

  • Augmenter le remboursement de la TVA ou l'application directe du taux réduit (3%) 896

  • 10 jours de congé de paternité pour les fonctionnaires et agents de l'Etat 899

  •  Interdiction aux sans-abri de mendier en public avec des chiens 902

  • Rétablissement de l'éclairage public le long des autoroutes luxembourgeoises 903

  • Renforcer les moyens d'actions pour demander la fermeture et le démantèlement de la centrale nucléaire de Cattenom 905

  • Reconnaissance de la Famine de 1932-1933 comme un génocide du peuple ukrainien 906

  • Stop aux embouteillages 910

  • SchülerInne raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen 911

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.