VIDEO: Neit NationalitéitegesetzDe Felix Braz schwätzt am 1. Bilan vun engem Succès

Nom Akraafttriede vum iwwerschafften Nationalitéitegesetz kann ee vu knapps 9.000 Leit ausgoen, déi op d'Joer 2017 gesinn, wollte Lëtzebuerger ginn.

Dat ass eng Héichrechnung déi de Justizminister Felix Braz am éischte Bilan vum Nationalitéitegesetz gezunn huet, dat ee wéinst dësen Zuelen als e Succès kéint bezeechnen.

12.000, jo esouguer bis 14.000 Auslänner kommen all Joers hei am Land bäi. Mënschen, déi jo am Prinzip net wahlberechtegt sinn. Dat neit Nationalitéitegesetz sollt hei eng Verbesserung bréngen, dat huet et och, schliisslech huet sech d'Zuel vun den Demandë fir naturaliséiert ze ginn, mat deene bal 9.000 vis-à-vis vun 2016, quasi verdräifacht.

Mee 9.000 sinn eben nach keng 12.000, dat weess och de Justizminister Felix Braz, deen dorobber besteet, dass ee schonn ëmmer gesot huet, dass eleng dat neit Gesetz net kann duergoen, fir de Problem Demokratiedefizit ee fir alle Mol ze léisen.

Déi gréisste Satisfaktioun vum Justizminister ass, dass den droit du sol vun der éischter Generatioun, e grousse Succès huet bei de Mannerjäregen. Een Drëttel vun de Mineuren, déi méi wéi 12 Joer al sinn an déi hei am Land gebuer goufen, wëllen direkt Lëtzebuerger ginn. Si wëllen net waarde bis si 18 Joer al ginn, wou si d'Nationalitéit dann automatesch kréien.

Zefriddenheet och bei der CSV, déi d'Gesetz matgestëmmt hat. Bei der CSV ginn déi virgeluechten Zuelen ausdrécklech begréisst, wéi den Deputéierte Gilles Roth confirméiert.

D'Debatt, déi am Kader vum Referendum gemaach gouf, wëll de Felix Braz awer net nei opmaachen. Den éischte Bilan vum neie Nationalitéitegesetz ass no nëmmen 9 Méint deemno ganz positiv.