Zu BierchemMordmenace géint seng Ex-Fra, an dat 2 Deeg hannerteneen

Zu Bierchem ass en Dënschdeg den Owend e Mann festgeholl ginn, dee senger gescheeter Fra an de Kanner domadder gedreet hat se ëmzebréngen.

Déi getrennte Koppel hat sech schonn op Neijoerschdag an den Hoer. De Mann gouf deen Dag scho protokolléiert. Trotzdeem huet sech dee Zeenario den Dag duerno nach emol widderholl. Dowéinst huet de Parquet direkt ordonnéiert, datt de Mann festgeholl gëtt. Hie kënnt um Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.