Invité vun der Redaktioun (4. Januar)Laurent Mosar iwwer d'aussepolitesch Situatioun

Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war den aussepolitesche Spriecher vun der CSV.

Invité vun der Redaktioun - Laurent Mosar (04.01.2018)
Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war den aussepolitesche Spriecher vun der CSV.

Wann der CSV hir Proposition de loi a Saache Vermummungsverbuet just op engem konkrete Punkt bei den Derogatiounen geännert gëtt, da läit en Text do, deen direkt duerch goe kann, dat sot um Donneschdeg de Moien ee vun den Auteuren vun deem Text, den CSV-Deputéierten Laurent Mosar. Senger Meenung no, ka just der CSV hir Method funktionéiert. Och grouss Deeler vun der sozialistescher Partei, ënnert anerem den Aarbechtsminister an de fréiere Minister Jacques Poos, leien op eiser Schinn, wëllen e generellt Burkaverbuet, sou den CSV-Oppositiounsdeputéierten.

Déi juristesch Chamberkommissioun muss an den nächste Wochen no den Avise vum Staatsrot déi 3 verschidden Texter duerchhuelen. E parteiiwwergräifende Konsens fir Regierungstext an d'CSV- an d'adr-Propositioun op ee gemeinsamen Nenner ze kréien, gesäit de Laurent Mosar den Ament net.

De Justizminister Felix Braz wëll net iwwert e partiellt Verbuet erausgoen.

Keng konkret Ausso gouf et um Donneschdeg de Moie vum Stater CSV-Schäffen wat seng perséinlech politesch Zukunft ugeet. An der Vergaangenheet, hat de Laurent Mosar kloer gesot, seng Prioritéit léich net an der Gemengepolitik mä op nationalem Niveau.  Dem Deputéierten gëtt virun allem en Interessi um Posten vum Ausseminister nogesot. Géif hien also säi Schäffeposten fir Regierungsverantwortung opginn? Also dat maachen, wat d'CSV laang dem Premier Xavier Bettel reprochéiert huet? Dorobber ass de Laurent Mosar och en Donneschdeg de Moien net agaangen. Hien hätt guer keng Ambitioun muer an eng Regierung ze kommen. Deputéierten a Schäffen wieren zwou Funktiounen déi hien den Ament ganz gär géif maachen.

Rietspopulismusan Europa net iwwerbewäerten

Den aktuellen Ausseminister Jean Asselborn huet de Laurent Mosar wéinst deem senge rezenten Aussoen géintiwwer dem Spiegel iwwert de Sebastian Kurz kritiséiert. De Jean Asselborn hat dem éisträichesche Kanzler reprochéiert d'Sprooch vum Donald Trump ze schwätzen. Engem klenge Land deet et net gutt grousse Länner Lektiounen z'erdeelen, fënnt d'CSV. Dat géif dem Grand-Duché schueden, wou Lëtzebuerg dach weider an Europa Alliéierter braucht. D'CSV deelt wuel dacks de Fong vun der Kritik vum Ausseminister, sou den Oppositiounspolitiker. D'Form awer wier déi falsch. Besser wier et sou Kritiken net an der däitscher Press mä tëscht 4 Aen ze äusseren.

Ugeschwat op déi vill méi zeréckhalend Reaktioun op déi nei ÖVP-FPÖ-Regierung an Éisträich, sot de Laurent Mosar et misst een als gudden Demokrat déi acceptéieren, well se vum Vollek gewielt goufen. Och wann een um Fong vläicht net mat allem d'Accord wier.

De Problem mat Rechtspopulisten an Europa dierft een net iwwerbewäerten. Besser wier et, datt sech sou Iddien iwwert de Wee vun enger politescher Partei artikuléiere kënnen, wéi wa se déi Méiglechkeet net hätten.

Invité vun der Redaktioun - Laurent Mosar



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.