VIDEO: Fir FlüchtlingskannerMamer Lycée offréiert eng "classe d'alphabétisation"

De Mamer Lycée offréiert zanter zwee Joer eng "classe d'alphabétisation". Dëst ass eng "classe d'accueil" fir Flüchtlingskanner.

Mamer Lycée offréiert eng "classe d'alphabétisation" (18.01.2018)
De Mamer Lycée offréiert zanter zwee Joer eng "classe d'alphabétisation". Dëst ass eng "classe d'accueil" fir Flüchtlingskanner.

Dës Schüler kënnen eis Schrëft weder schreiwen nach liesen. De Gros war virdrunner och nach ni an enger Schoul. 13 jonk Leit sinn ablécklech an dëser Klass. Hei geet et an éischter Linn drëms, déi franséisch Sprooch ze léieren.

D'Erausfuerderung läit esouwuel bei den Enseignanten, wéi och bei de Schüler. Frontalunterrecht gëtt et an dëser Klass keen. Interaktivitéit ass hei verlaangt. Och ass den Effektiv mat 13 Schüler méi niddreg ewéi an enger normaler Klass.

Dës Schüler si Réfugiéen a kommen haaptsächlech aus Syrien. Nieft hirer Mammesprooch, dem Arabeschen, sollen dës jonk Leit déi laténgesch Buschtawe léieren. Virun allem déi franséisch Sprooch.

Vill vun de Schüler kommen aus Regiounen, wou si virdrunner ni d'Chance kritt hunn an d'Schoul ze goen. Iwwer d'Visualisatioun gëtt mat dëse Jugendleche geschafft a geléiert. Ma och d'Lauter spillen eng wichteg Roll.

De groussen Defi fir d'Enseignanten op dëser Klass ass et de Schüler eist ABC bäizebréngen. Nieft schreiwen a liesen, geet et awer och drëms, dëse jonke Leit sozial Kompetenze bäizebréngen.

Verschidde Wëssensniveaue ginn et op dëser Klass. Zesummen hu si awer een Zil: sech zu Lëtzebuerg ze integréieren.