Invité vun der Redaktioun (3. Abrëll)Pol Lutgen rifft Studenten op, hir CVen opzepeppen

Invité vun der Redaktioun um Dënschdeg de Moie war den Acel-President.

Invité vun der Redaktioun: Pol Lutgen (03.04.2018)
Invité vun der Redaktioun um Dënschdeg de Moie war den Acel-President.

E Bachelor oder e Master eleng ginn haut dacks net duer, fir hei am Land eng Aarbecht ze fannen. Et muss een de CV mat Zousaz-Qualifikatiounen oppeppen, seet de Pol Lutgen, President vun der Acel, dem Studentevertrieder; hie war um Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Et soll ee kucke fir praktesch Erfarungen ze sammelen, Stagen ze maachen a sech awer och z.B. a Veräiner engagéieren, weisen, datt ee motivéiert ass, eng Hand mat upéckt a sozial Kompetenzen huet.

Et soll ee sech och net nëmmen op enger Uni umellen a sech fréi, gutt iwwerleeën, wat e soll studéiere goen. Et dierft een net mengen, datt ee mat egal wat eng Plaz fënnt. Et soll ee sech also fréi am Lycée iwwerleeën, wat ee wëll maachen.

En neit Stage-Gesetz ass och ënnerwee, d'Acel huet dat mat ausgeschafft an ass zefridde mam Text. D'Acel wollt keng Hürden an de Wee leeën, datt de Student e bemol keng Stagë méi fënnt, well de Patron misst e Mindestloun bezuelen.

Fir datt ee besser weess, wat a wou studéieren, organiséiert d'Acel d'Aktioun „Student fir een Dag“. Mam Bus fiert een a 14 verschidde Stied. Nach sinn e puer Plaze fräi, sou de Pol Lutgen. Weider Informatioune fënnt een op acel.lu.

Invité vun der Redaktioun: Pol Lutgen



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.