Biergerinitiativ "Demokratie 2018"Lëschte wiere komplett, genuch Ënnerschrëfte fir Lëschtendepot do

Déi nei iwwerparteilech Gruppéierung, déi am Oktober mat an d'Wale geet, wëll an alle Walbezierker untrieden. An et hätt ee probéiert, si ze sabotéieren.

© Carine Lemmer
D'Biergerinitiativ "Demokratie 2018" kandidéiert an alle 4 Bezierker: "D'Lëschte si komplett", soten déi zwee Haaptresponsabel Sonja Holper a Lee Michel e Freideg den Owend virun der Press. D'Nimm vun de Kandidate kéint een haut awer nach net soen, well versicht gi wär, d'Lëschten ze sabotéieren, also Kandidaten ofzezéien. Et sollen awer och bekannte Leit derbäi sinn an eng 10 mat politescher Erfarung.

Biergerinitiativ "Demokratie 2018": Reportage Carine Lemmer



D'Biergerinitiativ setzt sech derfir an, datt d'Vollek nees méi d'Soe kritt, gefrot gëtt, wann eppes Wichteges ze decidéieren ass. Méi Referendume soll et also ginn.

PDF: Flyer vun "Demokratie 2018".

D'Gruppéierung wëll kee Wahlprogramm presentéieren, mä e Froekatalog. An do misst d'Vollek decidéieren. Et wéilt ee keng Meenung virginn. D'Biergerinitiativ gesäit sech weder lénks nach riets.



Fir hei am Land ze kandidéieren, brauch een eng gewëssen Ënnerstëtzung, spréch Ënnerschrëften. Déi hu mer, seet d'Biergerinitiativ. Fir all Bezierk hätt een d'Ënnerschrëft vun engem Deputéierten. Dat ass eng vun de Méiglechkeeten, fir eng Lëscht kënnen ze deposéieren.

De Slogan vun der Biergerlëscht ass: Méi Demokratie fir Lëtzebuerg a Selbstbestëmmung. Op rout-wäiss-bloem Hannergrond. U sech war just "Méi Demokratie fir Lëtzebuerg" geplangt, mä dee Slogan gouf vum Joé Thein an de Konservative geklaut an ofgeännert, huet et e Freideg den Owend op der Pressekonferenz geheescht.

De Joé Thein vun "Déi Konservativ" huet och schonn op dee Virworf reagéiert a seet, dat wär net wouer. Hire Slogan wär schonn zanter Méint decidéiert gewiescht. Et wier eng richteg Frechheet esou eppes ze behaapten a wahrscheinlech just eng Retourkutsch, well seng Partei de Lee Michel als Kandidat refuséiert hätt.



Déi 4 Spëtzekandidate vun "Demokratie 2018":

Zentrum: Sonja Holper
Süden: Lee Michel-Baseggio
Osten: Luiginio Baseggio
Norden: Sonja Meyers

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.