Biergerinitiativ Demokratie2018 Haaptleit Sonja Holper a Lee Michel Baseggio gi getrennte Weeër

De Moment wéisst keen an der neier Partei méi, wou ee genee dru wier...

Di zwou Haaptpersoune vun der Biergerinitiativ Demokratie2018 Sonja Holper an de Lee Michel Baseggio gi getrennte Weeër. Dat géif net d'Enn vun der Beweegung bedeiten, och wann nieft der Madame Holper nach 7-8 aner Kandidaten d'Handduch geheit hätten, esou de Lee Michel Baseggio. De Moment wéisst einfach kee méi wou en dru wier.

Demokratie 2018 - Reportage Ben Frin

D'Sonja Holper hätt sech per Email aus der Demokratie2018 zeréckgezunn heescht et, si selwer stoung fir en Interview awer e Freideg leider net zur Verfügung. En Donneschdeg nach sot si am RTL-Gespréich, si wéilt net opginn a weidermaachen. Dat wëllt awer och de Lee Michel Baseggio, géigesäiteg werft ee sech elo en "Alleingang" vir. De Lee Michel Baseggio wier op alle Fall aus alle Wolleke gefall a ka sech dat alles net erklären, vu Sabotage a private Problemer war rieds gaangen. De ganzen "Alleingang" géif him no beweisen, dass d'Sonja Holper vun Demokratie anscheinend keng Anung hätt.

Wien steet dann elo wou? Nieft der Sonja Holper hätten sech nämlech och nach aner Kandidaten zeréckgezunn, aus Veronsécherung, den Duerchbléck hätt de Moment kee méi esou richteg seet de Spëtzekandidat am Bezierk Süde selwer, auserneebrieche géif een awer net. Et hätt näischt mat der Beweegung ze dinn, et wiere just eng Rei Kandidaten déi sech elo natierlech géifen onsécher spieren. Och Differenzen an der Partei géif et keng ginn.

Déi verluere Kandidate géifen elo ersat ginn, d'Lëschte wéilt een eraginn, an di néideg Ënnerschrëfte vun den Deputéierten an de Gemengeréit hätt een och.

Géint d'Madame Holper denkt de Lee Michel Baseggio iwwer juristesch Schrëtt no.

Kaméidi hätt ee keen esou wëllt ee Versécheren, Kloerheet jo dofir awer och net, Wuert steet géint Wuert. Gutt 2 Méint virun de Wale bléist der Biergerinitiative staarke Wand entgéint.